Ënner AlkoholaflossGeeschterfuererin op der A13 provozéiert Accident

RTL Lëtzebuerg
Weider sicht d'Police no Zeien no engem Verkéiersaccident zu Péiteng.

En Dënschdeg den Owend ass géint 22 Auer een Accident op der A13 a Richtung Suessem gemellt ginn. Dobäi ass eng Geeschterfuererin tëscht dem Tunnel Éilereng an der Sortie Déifferdeng mat dräi Autoe kollidéiert, déi hir entgéintkoumen.

Eng Rei Leit goufen an deem Accident blesséiert, allerdéngs all just liicht. Zwou Persoune missten aus hirem Won geschnidde ginn. Si koumen no enger éischter Versuergung op der Plaz fir eng weider Kontroll an d’Klinik.

Wéi et e Mëttwoch am Police-Bulletin heescht, ass een Alkoholtest bei der Geeschterfuererin positiv ausgefall. Hire Fürerschäi gouf doropshin agezunn. Wärend d’Secouristen op der Plaz waren, war d’A13 op där betraffener Streck tëscht Éilereng a Suessem gespaart.

Foussgänger zu Péiteng ugestouss

E Mëttwoch de Moie géint 4.45 Auer krut op der Héicht vum Futtballterrain zu Péiteng en Automobilist e Foussgänger ze paken. Éischten Informatiounen no war d’Persoun zu Fouss op der Fuerbunn ënnerwee, wéi hei vun engem Gefier, wat en aneren Auto iwwerholl huet, ugestouss gouf.

D’Automobiliste vu béiden Autoe si stoe bliwwen an hu sech ëm déi blesséiert Persoun gekëmmert, bis d’Rettungsdéngschter op der Plaz waren. De Foussgänger koum blesséiert an d’Spidol.

An deem Kader sicht d’Police elo no Zeien an haaptsächlech no deenen zwou Persounen, déi Hëllef geleescht hunn. Si solle sech beim Kommissariat vu Déifferdeng um (+352) 244 53 1000 oder per Mail op Police.DIFFERDANGE@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO