Informatioun vum "Lëtzebuerger Land"Gefälschte PCR-Test gefrot? Santé-Mataarbechter suspendéiert

RTL Lëtzebuerg
Den net-geimpfte Mataarbechter an enger leedender Postioun bei der Santé hätt en anere gefrot, him e gefälschten negative PCR-Test ze zertifiéieren.

Dat mellt d'Wochenzeitung "Lëtzebuerger Land".

Déi aner Persoun hätt dat refuséiert an den Direkter Jean-Claude Schmit driwwer informéiert.  De Santésdirekter hätt déi concernéiert Persoun suspendéiert an de Parquet ageschalt. Eng Spriecherin vun der Santé huet der Zeitung confirméiert, datt en Dossier iwwert e Mataarbechter un de Parquet iwwermëttelt gouf. Zu de konkrete Reprochen sot de Ministère bis elo näischt.

Back to Top
CIM LOGO