
Am Aktiounsplang, deen de Gesondheetsministère e Méindeg presentéiert huet, geet et drëm sécher ze stellen, datt op der Schaff Salariéeën net iwwert der Moos dem Radon-Gas ausgesat ginn.
Radon ass ee radioaktiivt Gas, dat natierlech am Buedem virkënnt. Iwwer z.B. Rëss am Buedem oder Fuitten a Waasser-Reseaue kann de Gas an all Gebai erakommen. A wann een dëst Gas anotemt kann et geféierlech ginn, sou d’Paulette Lenert: „Eise Referenzwäert, dat sinn 300 Becquerels pro Kubikmeter. Wann een also lo z.B. iwwer ee ganz laangen Zäitraum op der selwechter Aarbechtsplaz oder do wou ee wunnt iwwer 30-40 Joer sech majoritär a Gebaier ophält, wou dee Referenzwäert lo zum Beispill verduebelt wier, da verduebelt sech domadder och de Risiko fir Longekriibs.“
An Entreprisë ass et dowéinst wichteg, dass d’Employeure fir hir Salariéen e séchert Ëmfeld garantéieren. Dat geet iwwer d‘Moossen, dat iwwer d‘Wanterméint duerchgefouert gëtt. Dës Radon-Miessunge sinn obligatoresch fir Betriber am Éisléck. De Referenzwäert ass hei a relativ ville Gebaier depasséiert.
Wéi Entreprisen elo kënne virgoen, erkläert de Patrick Majerus, Chef vun der Divisioun fir Radioprotektioun: „Da kucken ech fir eng Miessung ze maachen, mir hunn do och mat Absicht eng Plaz fir de Privatsecteur wollte loossen, dat heescht an der Tëschenzäit hu mer 5 Laboe fonnt, déi sech interesséiert hunn d’Miessungen hei zu Lëtzebuerg duerchzeféieren, dat heescht mir hunn déi op eisem Internetsite, all Betrib ka sech do mellen, fir eng Miessung bei deene Laboen ze kréien.“
Exceptioune gëlle fir ëffentlech Plaze wéi Spideeler, Schoulen oder Crèchen. Do mussen am ganze Land Miessunge vun den Radon-Tauxe gemaach ginn, net nëmmen am Norden. Am Fall vun ze héije Valeure bitt d‘Radioprotektioun individuell Consultatiounen iwwer néideg Mesuren an och Formatioune fir Baufirmen un. Weider Informatiounen iwwer d’Miessunge ginn et am „Guide de mesure“ op www.sante.public.lu.
Video Radon - Eng gëfteg Substanz am Haus: Beispill vun enger Renovatioun
Radon-Gas - Radon-Miessungen: Resultater vun Etude virgestallt
Gemeng Wahl - Pilotprojet, fir géint de radioaktive Gas Radon virzegoen