Police sicht no ZeienGéigestänn vun Autobunnsbréck op d'Diddelenger A3 gehäit an Auto getraff

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police e Freideg mellt, koum et en Donneschdeg de Moie géint 10.45 Auer zu engem geféierleche Virfall op der Diddelenger A3 a Richtung Frankräich.
© Police

Net wäit vun der Opfaart Léiweng, op der Héicht vun der Foussgängerbréck, respektiv Beetebuerger Waassertuerm, goufe gläichzäiteg 2 Géigestänn erofgehäit, déi en Auto getraff hunn. De Chauffer ass zerguttst erféiert a stoung ënner Schock, trotzdeem konnt hien säi Won ënner Kontroll halen an en Accident verhënneren. Kengem vun de Passagéier ass eppes geschitt.

D'Police sicht an deem Kader no Zeien. Sämtlech Informatioune si fir d'Police vu Miersch um 244901000.

Back to Top
CIM LOGO