
Dat schreiwen d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP an d'Fédération Générale de la Fonction Communale an engem Communiqué, no hirem rezentsten Treffen. Zwar géif d'Stagezäit vun 3 op 2 Joer erofgesat, ma wéi se viru 4 Joer eropgesat gouf, hätt d'Politik "sech geweigert, d'Unzuel vun den Ausbildungsstonnen den deemolegen neie Realitéiten unzepassen. Dofir géif et elo kee Grond ginn an déi ëmgedréinte Richtung z'agéieren", erkläre béid Gewerkschaften, déi och mengen, datt d'Digitaliséierung am Léiermaterial méi soll berécksiichtegt ginn.
Wat d'Reform vum Staatsexamen ugeet, wieren éischt positiv Repercussiounen ze spieren. Allerdéngs misst beim zweeten Test, no der "épreuve d'aptitude générale, nogebessert ginn. Do fuerderen d'Gewerkschaften méi kloer Reegelen, wat den Oflaf vun de Prüfungen ugeet, fir datt jiddereen d'selwecht behandelt gëtt.