Aus dem PolicebulletinGeklaut, gestridden, gedronk an agebrach

Tom Nols
Iwwert de Weekend hat d'Police genuch ze di mat Leit, déi sech donieft beholl hunn.
D'Police hat de leschte Weekend vill ze dinn.
© Laurent Weber

Am Beräich vun der Stater Gare waren der Police e Samschden am Nomëtteg e puer Persoune gemellt ginn, déi sech gestridden hunn. Ee vun de Bedeelegte soll no der Kläpperei eng Gasfläsch op eng aner Persoun gehäit hunn a sech enger Fra géintiwwer deplacéiert verhalen hunn. De staark alkoholiséierte Mann konnt wéineg spéider an der Neier Avenue ugetraff an an Arrest gesat ginn.

Op der Areler Strooss zu Stroossen hunn e Samschdeg den Owend zwee Gesellen, déi ze vill gedronk haten, Clientë belästegt. Well ee vun hinne sech nom Antreffe vu der Police net kooperativ verhale wollt, war en no engem Rendez-vous beim Dokter och an den Arrest komm.

Och do gelant war an der Nuecht op e Sonndeg en alkoholiséierte Mann, deen an engem Café an der Rue du Fort Wedell op der Stater Gare randaléiert hat.

Op der Munnerefer Strooss zu Uespelt war e Sonndeg géint 13:00 Auer en Automobilist a Schlaangelinnen ënnerwee. Wéineg méi spéit konnt en doheem ugetraff ginn. Hien hat ze vill gedronk, krut e provisorescht Fuerverbuet a gouf protokolléiert.

Dann ass e Sonndeg géint 17:00 Auer a Clausen an en Haus agebrach ginn. De Brigang hat sech d'Schlëssele vun engem Auto gekroopt a war duerno mam Gefier geflücht. D'Police erënnert an deem Kontext drun, ëmmer sämtlech Dieren a Fënstere ganz zouzespären a keng Schlësselen an engem Schlass stiechen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO