BudgetskontrollkommissiounGelder ouni Kontroll autoriséiert, ADR schwätzt vun Dysfonctionnementer

Jeannot Ries
D'Conclusiounen vum Spezial-Rapport vun der Cour des comptes, iwwer d'ëffentlecht Finanzement vun den Investissementer am Spidolsdirekter si kloer...
Gelder am Spidolssecteur goufen ouni Kontroll autoriséiert
D'Conclusiounen vum Spezial-Rapport vun der Cour des comptes, iwwer d'ëffentlecht Finanzement vun den Investissementer am Spidolsdirekter si kloer...

''Mir sinn, fir et riicht eraus ze soen, äiskal erwëscht ginn.'' Mat dëse Wieder huet e Méindeg de Mëtteg d'Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber, d'Diane Adehm, d'Conclusioune vum Spezial-Rapport vun der Cour des comptes, iwwer d'ëffentlecht Finanzement vun den Investissementer am Spidolssecteur kommentéiert.

Cour des comptes - Reportage Tim Morizet

Et wieren ëffentlech Gelder ausgi ginn, ouni déi néideg Kontroll respektiv Autorisatiounen. Et si 74 Säiten, redigéiert vun der Cour des comptes, déi e ganze System a Fro stellen. Méi konkret goufen de Finanzement vum Bau, respektiv d'Renovatioun vu Spideeler op de Leescht geholl.

De Rechnungshaff vermësst a sengem Rapport eng gewëss Transparenz.

Zanter d'Finanzéierungsgesetz am Joer 1999 a Kraaft getruede war, hätt de Gesondheetsministère bis haut keen eenzege Finanzrapport presentéiert, sou eng vun de Kritiken. Duerch dëst Gesetz goufen ëmmerhin Investissementer an Héicht vu 490 Milliounen Euro autoriséiert. De Rechnungshaff huet ee Appell un den zoustännege Ministère gemaach, d'Deputéiert reegelméisseg iwwert déi grouss Investissementsprojeten vum Staat am Spidolssecteur ze informéieren. Dat misst an der Zukunft d'Reegel sinn. Donieft ass et d'Recommandatioun, dass an Zukunft wann ee Budget ëm op d'mannst 5 Prozent depasséiert gëtt, de Projet nach eemol d'Chamber muss passéieren. Eng weider Kritik betrëfft de Projet vun enger Rehaklinik, deen nach ëmmer net ofgeschloss ass.

De ganze Rapport kann een um offizielle Internetsite vun der Cour des comptes noliesen.

Reaktioun vum Gast Gibéryen, een Dag no der Revelatioun vum Spezial-Rapport

D’Conclusiounen vum Spezial-Rapport vun der Cour des comptes iwwer Investissementer am Spidolssecteur hat e Méindeg d’Memberen vun der Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber kloer iwwerrascht. E Rapport deen opgedeckt huet, wéi Gelder laanscht d’Gesätz, laanscht d‘Chamber, laanscht d’Kontroll ausgi goufen.

De Spezial-Rapport vun der Cour des Comptes - 1 Dag dono
De Gast Gibéryen fënnt, dass dat Ganzt systematesch géif iwwert d'Bühn goen a schwätzt vun engem Dysfonctionnement.

Am Viséier ass de Ministère vun der Santé. D’Kontroll huetversot. Dat erënnert Deels un d’Joer 1999, wou de Minister Johny Lahure a seng héich Beamten eng fantasievoll Comptabilitéit an der Santé agefouert oder toleréiert haten. De Gast Giberyen gesäit trotzdeem Ënnerscheeder an zwar, dass dat Ganzt systematesch géif iwwert d'Bühn goen.

Gast Gibéryen Budgetsdebatten

Back to Top
CIM LOGO