Accident mat Zuch provozéiertGeldstrof a Fuerverbuet fir Beschëllegte viru Geriicht gefrot

RTL Lëtzebuerg
Fir dee Mann, deen am Juli en Accident mat engem Zuch provozéiert hat, si 5.000€ Geldstrof an e Fuerverbuet vun 3 Joer gefrot ginn.
© Domingos Oliveria / RTL

Gericht: Accident mat Zuch provozéiert / vum Eric Ewald

De Mann vun 49 Joer hat, op den Dag genee virun zwee Méint, kuerz virun Hallefnuecht a mat 2,35 Promill Alkohol am Blutt, eng Barrière zu Beggen ignoréiert, déi am Gaang war erofzegoen. Säin Auto war op de Schinne vun engem Zuch erfaasst ginn, dee vu Walfer koum. Wéi duerch e Wonner war kengem Mënsch e Leed geschitt.

Speziell un dëser Affär ass, dass de Beschëllegte Buschauffer ass, an zwar bei den CFL.

"Wësst Dir, wat dat fir Suitten hätt kënnen hu fir aner Leit, just well Dir am alkoholiséierten Zoustand gemengt hutt, Dir misst op d'Toilette? Dir hat immens Chance, dass kengem eppes geschitt ass!", huet de President vum Geriicht den Ugekloten en Dënschdeg an d'Gebiet geholl. Hie wär immens frou doriwwer, huet de Mann geäntwert, mä hätt dee Moment geduecht: Dat geet schif, Du méchs an d'Box.

De Maschinist vum Zuch, dee vun Ettelbréck an d'Stad ënnerwee war, sot, hien hätt zu Dummeldeng wëlle stoe bleiwen, zu Beggen hätt hien awer d'Pharë vun engem Auto erkannt. Hien hätt nach eng Noutbremsung gemaach, getut a gehofft, d'Gefier vläicht net ze paken ze kréien, mä et just nach knuppen héieren. Seng Maschinn, déi 110 drop hat, bräicht immens laang, fir stoen ze bleiwen. Well et deen Abléck stackdäischter war, hätt hien net gesinn, ob d'Barrièren erof waren.

De Beschëllegten huet erkläert, dass hien deen Dag schlecht drop war, ënnert d'Leit wollt an e Patt gedronk hätt. "Een? Mir schwätzen hei vun 2,35 Promill!", huet de Riichter ze bedenke ginn. Hien hätt e ganz grousse Feeler gemaach, huet de Mann zouginn. Hien hätt missen op d'Toilette an dofir iwwert d'Barrière gewollt. Wéi hien op de Schinne war, hätt hien den Zuch gesinn, ma et wär net duergaange fir fortzekommen.

Nodeems d'Eisebunn net grad 75.000€ Schuedenersatz gefrot an de Me Altwies, Affekot vum Ugekloten, betount hat, dass säi Client kee Casier hätt, war et fir de Vertrieder vum Parquet net ze verstoen, dass een a sou eng Situatioun kënnt. Als Buschauffer misst ee sensibel drop sinn, fir net ënner Alkoholafloss ze fueren a virun enger Barrière stoen ze bleiwen. En Zuch vun 240 Tonnen op 0 ze bréngen, wär nämlech net einfach. De Beschëllegte sollt awer, als Délinquant primaire, keng Prisongsstrof kréien.

D'Urteel gëtt den 30. September gesprach.

RTL-NEWS: Kollisioun tëscht Zuch an Auto zu Beggen

Back to Top
CIM LOGO