GeriichtGeldstrof fir Jeeër no Juegdaccident bei Fenteng

RTL Lëtzebuerg
De 24. September 2016 hat d'Kugel vun engem Jeeër eng Fra an d'Gesiicht getraff an uerg blesséiert.
© RTL (Archiv)

Um Stater Geriicht ass en Donneschdeg de Mëtteg d’Uerteel geschwat ginn am Fall vum Jeeër, deen enger Fra zu Fenteng ongewollt an d’Gesiicht geschoss hat, d’Faiten ginn op de September 2016 zeréck.

De Jeeër hätt net mat der noutwendeger Virsiicht gehandelt, soten d’Riichter an hunn hien wéinst coups et blessures involontaires zu enger Geldstrof vun 3.000 Euro veruerteelt. Donieft huet de Mann och säi Gewier missten ofginn. Um zivil-rechtleche Plang soll eng Expertise déi genee Héicht vun Dedommagementer klären, bis dohin huet de Jeeër missten eng Provisioun vun 20.000 Euro hannerleeën. De Schuedenersatz fir d'Fra gouf vum Geriicht op 6.150 Euro festgeluecht.

Der Fuerderung vum Parquet, fir dem Mann seng Juegdlizenz fir 5 Joer ofzehuelen, sinn d'Riichter net nokomm.

Uerteel Fenteng / Reportage Eric Ewald

D'Riichter waren och den Iwwerleeunge vum Affekot vum Jeeër net nokomm, deen op Fräisproch vu sengem Client plädéiert hat. De Me Marc Lentz hat gemengt, dass keng Noléissegkeet vum Mann virgeleeën hätt. D'Uerteel ass ënnert deem bliwwen, wat de Parquet gefrot huet. Esou gouf de Waffeschäin net ofgeholl. Elo muss een nach kucken, wat d'Motivatioun vun de Riichter ass, wéi si zu der Schlussfolgerung koumen, datt e Feeler soll geschitt sinn.

Provisoresch wär een emol frou, dass ebe kee Juegdverbuet gesprach gouf. Et steet awer nach op, wat de Ministère de la Justice mécht, wat de Waffeschäin ugeet, well dee Volet steet nach op. Op de Parquet, deen eng méi héich Strof gefuerdert hat, an Appell geet, gëtt een dann a 40 Deeg gewuer.

Wat de Schuedenersatz vun der Fra ugeet, gouf dem Me Marc Lentz no, wéi et z'erwaarde war, eng Expertise gefrot, well nach net alles verheelt ass an d'Assurance, déi am Kader vun engem Juegdaccident a Kraaft trëtt.

RTL.lu: Juegdaccident zu Fenteng: Verbuet vu 5 Joer, fir op d'Juegd ze goen a Geldstrof vu 5.000 € gefrot (13.3.2019)
RTL.lu: Fra am Gesiicht getraff Jeeër wéinst Juegdaccident zu Fenteng viru Geriicht (12.3.2019)
RTL.lu: Kaum Zweiwel un Accident-Hypothes Trageschen Juegdaccident zu Fenteng: Et war e Kaliber 45 (11.2.2017)
RTL.lu: Fra vu Kugel getraff Nach keng Nouvellen, Jeeërfederatioun wëll Kloerheet (14.10.2016)
RTL.lu: Jeeërfederatioun reagéiert: Net a Richtung schéissen, wou Leit blesséiert kënne ginn (29.9.2016)

Back to Top
CIM LOGO