
Ee Kand hat flëssegen Desinfectant an een oder méi Kréi mat Drénkwaasser geschott. Aus Virsiichtsmoossname wieren Ambulanzen an de Samu dohi geschéckt ginn. Eng Dose Kanner an eng Educatrice, déi dat gedronk haten, koumen an d’Spidol, konnten awer owes nees heem goen. D’Eltere wieren och all perséinlech kontaktéiert ginn.
D’Police wier och sur place gewiescht an hätt eng Enquête lancéiert an de Parquet wier informéiert ginn, heescht et weider am Schreiwes vun der Gemeng.
Incident à la maison relais steinfort : précisions et mesures prises
Steinfort, le 17 mars 2025 – Suite aux informations relayées dans la presse concernant un incident survenu vendredi passé, 14 mars, à la Maison Relais, la Commune de Steinfort souhaite apporter des éléments de clarification.
Un enfant a versé des gouttes de désinfectant dans une carafe d’eau, qui a ensuite été consommée par douze autres enfants ainsi qu’une éducatrice. Dès la prise de connaissance de cet incident, notre équipe de la Maison Relais a immédiatement appliqué les protocoles de sécurité en vigueur, en alertant les services de secours et en contactant le CGDIS. En coordination avec des experts basés à Bruxelles, une évaluation des risques a été effectuée sur base de la fiche technique du produit concerné.
Prise en charge rapide et absence de danger vital
Nous tenons à rassurer les familles et le public : à aucun moment la vie des enfants n’a été en danger. Toutefois, par mesure de précaution et conformément aux procédures standard en pareil cas, la décision du 112 a été de mobiliser des ambulances ainsi qu’un médecin du SAMU. Les enfants et l’éducatrice concernés ont été transférés à l’hôpital pour des examens complémentaires, accompagnés par un éducateur dans l’ambulance. Les parents ont été informés personnellement, et la chargée de direction s’est rendue sur place pour prendre en charge les familles.
Enquête et mesures préventives
Conformément aux procédures en vigueur, la police s’est rendue à la Maison Relais pour initier une enquête et le Parquet a été informé. Par ailleurs, une analyse interne a été lancée afin de déterminer les circonstances exactes de l’incident et d’identifier des mesures préventives renforcées.
Nous rappelons que, l’enfant étant mineur, la diffusion d’informations a été limitée aux personnes directement concernées, dans le respect des règles de protection des mineurs en vigueur.
Nous remercions l’ensemble des intervenants pour leur réactivité et leur professionnalisme, qui ont permis une gestion efficace de la situation.
Nom Schock vum leschte Freideg huet sech d’Situatioun an der Maison relais zu Stengefort erëm esou wäit berouegt.
“Stand haut geet et de Kanner alleguer gutt” seet de Buergermeeschter Sammy Wagner, mä se géife weider suivéiert ginn.
D’Gemeng hat scho betount, datt d’Kanner zu kengem Zäitpunkt a Liewesgefor gewiescht wieren. Nieft enger Enquête vun der Police, gëtt et den Ament och eng intern Enquête fir ze kucken, wéi een esou eng Situatioun an Zukunft verhënnere kann. E Freideg hat jo e Kand flëssegen Desinfectant an een oder méi Kréi mat Waasser geschott.
“Elo musse mer do awer nach eng Kéier eis Sensibiliséierungsaarbecht maachen, fir d’Kanner ze schoulen, wéi een esou e Produit richteg notzt an datt esou “Witzer” wéi déi doten natierlech net solle gemaach ginn. Mir sinn den Ament och amgaangen nach emol all d’Prescriptiounen nozekucke fir z’iwwerpréiwen, wat mer mussen un Desinfectant op verschiddene Plazen zur Verfügung stellen a wou mer et vläicht och op eng aner Manéier kënnen zur Verfügung stellen oder ënnert der strikter Observatioun vum edukative Personal.”
Den Desinfectant gouf fir den Ament ewech geholl an d’Kanner kréie Waasser aus zouene Fläschen, wou keen eppes kann dramaachen ier et gedronk gëtt.
Iwwert d’Enquête vun der Police an dem Parquet kann een näischt soen, bis si hir Aarbecht ofgeschloss hunn, well an dësem Fall Mineure betraff sinn.