
Déi war am Mäerz 2016 geholl ginn. Och d'Zoustëmmung dozou vum Minister vun August 2016 gouf annuléiert. Den Dossier muss zeréck an de Gemengerot, an d'Bauschelter Gemeng muss d'Fraisen droen.
Alles hat domat ugefaangen, dass dee Gemengerot am Juli 2015 decidéiert hat, dass en neie PAG sollt ausgeschafft ginn. Deeselwechte Mount hat eng Koppel de Schäfferot gefrot, fir dass hiren Terrain an de Perimeter sollt kommen.
D'Leit waren am November 2015 ouni Succès gehéiert ginn, an de Gemengerot hat am Mäerz 2016 unanime d'schrëftlech a grafesch Deeler vum Projet d’aménagement général ugeholl. D'Koppel hat deeselwechte Mount beim Inneminister reklaméiert, ma deen Dan Kersch am August d'Gemengendecisioun guttgeheescht. Am Dezember waren d'Leit dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
Den Tribunal administratif hat am Mäerz zejoert decidéiert, dass hire Recours en annulation net justifizéiert wär, wouropshin d'Koppel am Abrëll d'Cour administrative saiséiert hat. Déi hat eng Visite des lieux ordonnéiert, zu där et am Oktober koum. De Privatmann hat dobäi erkläert, et sollt net déi ganz Parzell an de Perimeter kommen, mä just en décken Drëttel dovun. Am November hat de Vertrieder vum Staat d'Cour doriwwer informéiert, dass d'Ëmweltministesch heimat d'accord wär, grad wéi den Inneminister. Den Affekot vun der Gemeng hat awer am Januar geschriwwen, de Gemengerot hätt sech am November dogéint ausgeschwat, dass e Bau op deem Terrain sollt ofgerappt ginn, wéi et an engem Bréif vum Affekot vun der Koppel aus dem Oktober geheescht hat.
Déi zweet Riichter halen an hirem Uerteel fest, dass déi getraffe Léisung all Immobiliëspekulatioun ausschléisse géif. Et kéim och zu enger Verbesserung vun der Situatioun, well e gréngt Band virzegesi wär, wann e Bau op deem Terrain duerch en anere géif ersat ginn. Den Terrain vun am Ganze ronn 42 Ar géif engem vun ongeféier 15 Ar Plaz maachen, wouduerch d'effektiv bebaute Fläch vun der Gemeng Bauschelt géif reduzéiert ginn. Well d'Argumenter vun der Gemeng géint dës Decisioun just theoretescher wären an de Realitéiten net Rechnung droe géifen, war d'Cour der Meenung, dass d'Gemeng hir Marge d’appréciation hei iwwerschratt hätt. D'Gemengen- a Ministeschdecisioune wären dowéinst z'annuléieren.