
D’EU-Memberstaaten hu sech engagéiert, fir bis de Mäerz 15% manner Gas ze verbrauchen, dat elo emol op fräiwëlleger Basis.
Lëtzebuerg wëll dat maachen, an deem staatlech Gebaier am Wanter just nach bis op eng maximal Temperatur vun 20 Grad däerfe gehëtzt ginn. Dat sot den Energieminister Claude Turmes dem Radio 100,7.
Och d’Gemenge kruten an enger Circulaire gewësse Spuer-Consignë matgedeelt. Ënner anerem sollen d’Gemenge sou gutt et geet op Beliichtunge verzichten.
D’Regierung lancéiert am September déi offiziell Campagne, bei där och d’Privatbierger solle sensibiliséiert ginn.