Appell fir Refugiéeën opzehuelenGemengen hunn ënnerschiddlech Moyenen

Diana Hoffmann
An der Reunioun vum Gemengesyndikat Syvicol stoung e Méindeg den Appell vum Ausseminister un d’Solidaritéit vun de Gemengen op der Dagesuerdnung.

D’Opfangstrukture fir d’Refugiéeë wieren un hire Limitten, huet e Freideg den Ausseminister Jean Asselborn gesot. Just an 33 Gemenge vun 100 ginn et Strukture fir Refugiéeën. E groussen Deel vun de Mënschen, déi do liewen, si Beneficaires de protection internationale (BPI), mee kommen net aus de Strukturen eraus, well se keng Wunneng fannen.

Reaktioun vum Syvicol op d’Fuerderunge vum Ausseministère / Diana Hofmann

D’Moyene vun de Gemenge wieren ënnerschiddlech, huet et e Méindeg an der Reunioun vum Syvicol geheescht.“Och d’Gemenge sinn um Enn. Mer hu keng eidel Wunnengen a sichen händeringend no Wunnenge fir Leit, déi sech un den Office social geriicht hunn”, seet de Paul Engel, Buergermeeschter vu Groussbus-Wal. “Se (BPI) sinn an direkter Konkurrenz mat alle Leit, déi e Logement sichen”, huet och de Serge Hoffmann, Buergermeeschter vun Habscht ënnerstrach.

Et wier schonn esou en Appell un d’Gemengen an de Joren 2015-2016 ginn, erënnert sech den Dan Biancalana, Vize-President vum Syvicol a Buergermeeschter vun Diddeleng. Deemools hätten d’Gemengen och en Ureiz kritt, wa se Leit opgeholl hunn. Et dierft een nämlech och net vergiessen, dass da méi Bildungsoffer musse gebuede ginn. Wéi schonn deemools wieren och haut finanziell Ureizer néideg, mengt dofir den Dan Biancalana. Staat a Gemenge missten zesumme Léisunge sichen. An déi wieren ënnerschiddlech fir d’Gemengen, och ofhängeg vun hirer Gréisst.

De Serge Hoffmann huet ugemierkt, dass ee misst méi Flexibilitéit am Klassement vun den Terrainen zouloossen. “An do si mer nees bei de Prozeduren”, sou de Buergermeeschter vun Habscht. Zu Miersch hätt een zum Beispill Container, wou 33 Leit wunnen, mee et misst een d’Plaz fir esou eppes hunn, stellt de Buergermeeschter vu Miersch, Michel Malherbe fest. “Et misst een d’Modifikatioun vum PAG facilitéieren”, war d’Conclusioun vum Dan Biancalana.

De President vum Syvicol Emile Eicher sot dann nach, en hätt den 11. Oktober an der Reunioun mam Ausseminister proposéiert, dass ee soll d’Prozedure fir de sougenannte Modul-Bau méi séier maachen. Änlech wéi den Inneministère dat fir d’Tiny Houses gemaach huet.

Back to Top
CIM LOGO