
Déi Decisioun ass e Méindeg den Owend op der Versammlung vum Comité vu Pro-Sud geholl ginn. Den Escher Buergermeeschter an Deputéierte Georges Mischo war deen eenzege Kandidat, dee sech op de Poste vum President gemellt hat an hie gouf mat enger grousser Majoritéit gewielt.
Eng weider Elektioun gouf et dann och nach am Comité. De Schäffe vu Keel-Téiteng Romain Becker gouf an de “Bureau” vu Pro-Sud gewielt, dat och mat enger grousser Majoritéit.