
Den Tribunal administratif huet e Recours vun hir nämlech als justifizéiert ugesinn an dowéinst d'Decisioun vun der Paulette Lenert annuléiert, fir eng Geldstrof vun 2.000 Euro ze spriechen. De Staat muss och fir d'Fraisen opkommen.
Ufank September ware Poliziste vum Kommissariat Dikrech/Veianen op Veianen geruff gi wéinst engem Verstouss géint d'Covid-Gesetz. Si waren op der Plaz engem Schäffe begéint, deen d'Beamten op de Restaurant opmierksam gemaach huet. Do géif sech net un d'Virschrëfte gehale ginn. Wéi e Polizist op d'Terrass kucke goung, ass méi e grousse Grupp vu Leit fortgaangen. De Beamte konnt du keng Infraktioun feststellen. D'Poliziste kruten awer e Video gewisen, deen op Facebook zirkuléiert an d'Situatioun géint 18 Auer owes weise géif, bis kuerz ier si ukoumen, wär et dobäi bliwwen. D'Gerante, déi op der Plaz war, wollt just iwwer hir Affekote kommunizéieren an huet och refuséiert, dem Uerder nozekommen, fir d'Virschrëften anzehalen. D'Ministesch hat 3 Wochen no deem Virfall eng Geldstrof vun 2.000 Euro gesprach. D'Gerante war Ufank Oktober dofir op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
Deem seng 1. Riichter halen an hirem Urteel fest, dass sech d'Paulette Lenert an hirem Arrêté op de Procès-verbal vun de Poliziste baséiert hätt. Déi hätten awer selwer kee Verstouss festgestallt, woubäi an hirem Rapport dovu Rieds war, dass géint 18 Auer owes eng Infraktioun constatéiert gi wär. D'Beamten hätte sech dobäi allerdéngs eenzeg an eleng op d'Plainte an den Temoignage vum Schäffe beruff, dee si geruff hat. De Contenu vun deem Temoignage wär awer „particulièrement vague" gewiescht, well just vu méi engem grousse Grupp vu Leit geschwat gouf, déi no beienee gesiess hätten. Donieft wär um Video net ze gesinn, ob d'minimal Distanz tëscht de Leit agehale gouf an d'Biller wären och net datéiert gewiescht. Soudass den Arrêté ministériel geholl gi wär, ouni dass e Verstouss géint d'Covid-Gesetz festgestallt gi wär. D'Decisioun vun der Gesondheetsministesch wär deemno ze annuléieren an d'Geldstrof vun 2.000 Euro nozeloossen. D'Gerante hätt iwwerdeems keng Indemnité de procédure vun 1.500 Euro zegutt.