Futtball-Äffar Guy Hellers-F91 DiddelengGeriicht huet Entschiedegung zu Gonschte vu fréierem Sportdirekter definéiert

RTL Lëtzebuerg
Den F91 muss der Adem, respektiv dem Guy Hellers eng gréisser Zomm zoukomme loossen, dat huet e Geriicht elo definéiert.
© RTL Archivbild

Sechs Joer huet déi ganz Affär viru Geriicht tëscht dem Guy Hellers an dem F91 Diddeleng gedauert.

D’Geriicht huet an dëser Affär e Montant am ënneschte 6-stellege Beräich decidéiert, an dovun kritt elo d’ADEM en Deel an de Guy Hellers kritt en Deel.

Am Juni 2016 hat de fréiere Futtballnationaltrainer, ëm déi Zäit Sportdirekter zu Diddeleng, de Stull beim F91 virun d’Dier gesat kritt. Als Grond huet de Veräi vum deemolege Mäzen Flavio Becca uginn, datt de Poste vum Sportdirekter iwwerflësseg gi wier.

An 1. Instanz an och am Appell huet d’Geriicht e klore Licenciement abusif géint de Futtballveräin aus der Forge du Sud ausgeschwat. Lo huet e Geriicht dann och de Montant vun der Entschiedegung definéiert.

Back to Top
CIM LOGO