
Am Urteel vum 10. Februar, dat elo public ass, gouf d’Annulatioun vun der Demissioun vum Félix Braz verworf. Nodeems de fréiere grénge Politiker, den 22. August 2019, en Häerzinfarkt hat, war hie méintelaang hospitaliséiert. Am Oktober 2019 hat de Staatsminister Xavier Bettel eng “Démission honorable” accordéiert.
Gutt annerhalleft Joer drop huet de Félix Braz e Recours géint dës Prozedur gemaach, well hie selwer ni gefrot huet, ze demissionéieren. D’Riichter sinn awer zum Schluss komm, datt déi Decisioun vum Premier net kéint annuléiert ginn. Och de Recours, deen de Félix Braz gemaach huet, well hien a sengen Aen diskriminatoresch indemniséiert gi wier, gouf verworf.
Virun 2 Joer hat den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten festgestallt, datt de Fall vum Félix Braz géing verdäitlechen, datt d’Gesetzer net adaptéiert sinn. De fréiere grénge Politiker huet reporter.lu géigeniwwer ugekënnegt, an Appell géint d’Urteel ze goen.