
D’Gesetz, mat deem e Minister sech ka viru Geriicht veräntwerten, mécht lues a lues säi Wee, nodeems et iwwert dës Gesetzespropositioun eng Rëtsch formell Awänn vum Staatsrot goufen.
Hannergrond si méiglech Aussoe vun der Ex-Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an der Gaardenhaischen-Affär, wéinst där den Déifferdenger Parteikolleeg Roberto Traversini all politesch Mandater néiergeluecht hat.
No formellen textuellen Oppositioune vum Staatsrot gouf de Gesetzestext e Mëttwoch nach emol an den zoustännege Chamberkommissiounen iwwerschafft an nogebessert, a soll bis Mëtt Januar prett sinn, fir e Retour an de Staatsrot.
Mat deem Text soll e juristesche Vide iwwerbréckt ginn, bis datt déi nei Verfassung a Kraaft ass. Bis elo ass et sou, datt et d’Chamber ass, déi d’Recht huet, d’Ministeren ze beschëllegen. Mä e Gesetz muss d’Prozedur definéieren. Genee deen Text feelt bis lo awer, sou datt bis dato déi fréier Ministesch Dieschbourg och net konnt an der Gaardenhaischen-Affär aussoen.
Am Abrëll war déi gréng Ministesch in extremis zeréckgetrueden, well si domat de Wee wollt fräimaachen, fir an der Affär ëm déi kontestéiert Ëmbauaarbechten un engem Haus vum deemolegen Déifferdenger Buergermeeschter an Deputéierte Roberto Traversini kënnen auszesoen. Et goung ëm net autoriséiert Aarbechten, déi eréischt nodréiglech duerch d’Ëmweltadministratioun geneemegt goufen.