Minimalbesteierung fir BetrieberGesetz gëtt déi aner Woch gestëmmt

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch gëtt d'Gesetz iwwert d'Upassung vun der Steiertabell an der Chamber gestëmmt. Déi parlamentaresch Finanzkommissioun huet elo de Rapport ugeholl.
© AFP (Archiv)

Déi aner Woch gëtt awer och iwwert en Text ofgestëmmt, deen d’Mindestbesteierung vu grousse Betriber op 15 Prozent fixéiert. E Projet, deen et méi kuerzfristeg op den Ordre du jour um Krautmaart gepackt huet. Dat läit dodrun, datt zënter en Dënschden den Avis vum Staatsrot virläit.

Déi europäesch Direktiv, déi op enger Initiativ vun der OCDE baséiert, muss bis den 31. Dezember ëmgesat sinn. Se betrëfft awer just grouss Entreprisë mat engem Ëmsaz vu 750 Milliounen Euro.

De Finanzminister Gilles Roth: “Där hu mer der eng Rei zu Lëtzebuerg. Do gëtt eng Minimalbesteierung vu 15 Prozent agefouert. Dat setze mer fristgerecht ëm, trotz all de Contrainten, déi mer iwwert déi lescht Wochen haten. Dat ass och wesentlech fir d’Previsibilitéit vun de Steierdispositioune bei eis am Land an et ass och wichteg fir d’Kompetitivitéit vum Land, dass do Kloerheet geschaf gëtt.

D’Sam Tanson vun déi Gréng ënnersträicht, datt den Text e wichtege Facteur géint d’Steierflucht ass a begréisst, datt en nach déi nächst Woch kann duerch d’Chamber goen:

Esou just nach en dernière ligne droite. Dofir gi mer eis och all ganz vill drun, datt mer dat nach hikréien an den Text kënne stëmmen. Dat huet eng wichteg Signalwierkung no baussen a bréngt och mat sech, datt eis déi Recetten net verluer ginn. All déi Steierrecetten, déi iwwert deen dote Wee geschëlt sinn, déi kommen - wa se net bei eis erakommen - an engem vun den anere Länner an d’Keess, déi d’Direktiv schonn ëmgesat hunn.

An dat ass déi ganz grouss Majoritéit.

Et si just nach eenzel Länner wéi Portugal, Spuenien oder Polen, déi d’Direktiv dëst Joer net méi ëmgesat kréien.

Fir de Sven Clement vun de Piraten ass et wichteg, datt Lëtzebuerg sech net zu deene muss zielen.

Et geet wierklech drëm, ze soe Lëtzebuerg setzt déi Mindestbesteierung ëm, fir net erëm iergendwann op enger groer Lëscht ze landen oder ebe Strofe vun der EU-Kommissioun ze kréien.

Allerdéngs bedeit dee Vott déi aner Woch fir d’Membere vun der Finanzkommissioun, datt se de Weekend iwwer beschäftegt sinn:

Et ass vill Detailaarbecht. Et ass warscheinlech déi gréisste Steierreform bei Betribsbesteierung, déi mer an deene leschte Joerzéngte gemaach hunn an d’Regierung kann eis net emol soen, ob et Geld erabréngt oder Geld kaschte wäert.

E Méindeg soll de Rapport vum Projet an der Finanzkommissioun ugeholl ginn an e Mëttwoch ass dann de Vott an der Chamber.

Back to Top
CIM LOGO