
Wéinst der Pandemie goufen et déi lescht 2 Joer bal en Drëttel manner Alkoholkontrolle vun der Police. Sou waren et zejoert 77 esou Kontrollen, 2020 goufen et der 103, iwwerdeem et der 2019 ronn 250 op 12 Méint gekuckt goufen.
Zejoert goufe bei de ronn 80 Kontrollen eng 230 Chauffere mat engem ze vill héijen Alkohol-Taux erwëscht - dëst si just d’offiziell Chiffere vun den Kontrollen, déi vum Parquet ordonéiert goufen.
Systematesch Drogekontrolle vu Chauffere mécht d’Police iwwerdeem keng, hei gëtt just bei manifesten Unzeeche vun Drogekonsum kontrolléiert.
Et ass awer aktuell e Gesetzesprojet um Instanzewee, dee virgesäit, datt Chaufferen, déi ënnert dem Afloss vun Drogen oder Medikamenter e Gefier gesteiert hunn, kënne sur place de Permis ewech geholl kréien - esou e Retrait immediat gëtt et jo ewell bei Alkohol- a Vitess-Infraktiounen.
Datt d’Legaliséierung vum Cannabis en Impakt op d’Stroossesécherheet huet, mengt d’Regierung iwwerdeem net.
Zejoert goufen et iwwerdeem 21 déidlech Accidenter, woubäi bei engem Drëttel vun dësen Accidenter Alkohol am Spill war.
Dës Informatiounen liwweren déi 3 zoustänneg gréng Ministeren Tanson, Bausch a Kox op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Nancy Arendt.