Police vu Lëtzebuerg an TréierGesichte Persoun bei grouss ugeluechter Grenzkontroll festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Police vun Tréier an Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Kolleegen am Grenzraum gréisser Kontrollen duerchgefouert.
© AFP Archivbild

Zur Ënnerstëtzung war och déi mobil Kontroll- an Iwwerwaachungseenheet vu Koblenz mat am Asaz. Kontrolléiert gouf net just de grenziwwerschreidenden Areesverkéier op temporäre Kontrollstatiounen, ënner anerem op der BAB 64 an um Parking Dicke Buche, och den Zuchtrafic war viséiert.

Am Ganze goufen iwwer 200 Persounen a 70 Gefierer kontrolléiert an e puer Strofverfare wéinst Verstéiss géint d’Openthalts- a Betäubungsmëttelgesetz lancéiert. Donieft ass een 2 Schülerinne vun 12 an 13 Joer op der Gare zu Tréier begéint, déi blo gemaach hunn. Si goufe vun der Police bei hir jeeweileg Erzéiungsberechtegter gefouert.

Am Beräich vun der Uewermusel gouf iwwerdeems nach e 27 Joer ale Fransous festgeholl. Géint de Mann louchen 2 Haftbefeeler vum Parquet Saarbrécken wéinst 2 Verkéiersdelikter vir. D’Geldstrof vun 2.400 Euro, déi géint hie verhaange gi war, konnt eng Bekannte vum Mann bezuelen an esou d’Prisongsstrof vun 80 Deeg ëmgoen.

Back to Top
CIM LOGO