Quo Vadis Pidal Walfer?Gestreits ëm den Ëmbau vum drëtte Stack

Claudia Kollwelter
Den drëtte Stack vun der gemeinsamer Schwämm vun de Gemenge Walfer, Steesel a Luerenzweiler soll a Verwaltungsraim ëmgebaut ginn.
Gestreits ëm den Ëmbau vum Pidal
D’Pidal-Schwämm zu Walfer soll deels ëmgewandelt ginn. Den Ëmbau suergt virop bei deene Gréngen fir Kritik.

D’Walfer Gemengevertrieder sinn net averstanen: D’Pidal soll en zweete Schwammbaseng kréien a muss och energetesch sanéiert ginn, do ass ee sech am Syndikat eens. Ma den drëtte Stack suergt fir Ierger.

Quo Vadis Pidal? / Rep. Claudia Kollwelter

Den 3. Stack vun der Pidal - dat sinn eng 340m2 mat Rou-Raim, Kabinne fir Soinen an engem Mierwaasserbecken. Infrastrukturen, déi ganz wéineg genotzt ginn an dowéinst a Büro, Verwaltungsraim an eng Kiche sollen ëmgebaut ginn. Inakzeptabel, fannen déi Gréng an hu sech un d’Press geriicht.

“Hei schwätze mer awer vun Eenzelbüroe vu bis zu 36m2. Ech mengen, et gi Leit, déi wunnen op manner Metercarré”, iergert sech d’Jessie Thill, gréng Schäffin vun der Gemeng Walfer.

Mat wéineg Invest kéint een d’Rou-Raim beispillsweis a multifunktionell Raim fir Yoga a Pilates ëmwandelen oder aner Raimlechkeeten un Osteopathe verlounen. Esou kéime Suen eran an de Client kéint weiderhi vum 3. Stack profitéieren.

D’Mierwaasserbecken iwwerdeems ass haut schonn aus energetesche Grënn net méi a Betrib, dës 125m2 kéinten deene Gréngen no fir Büroe genotzt ginn.

“Ech sinn dofir, datt mer fir d’Personal eng Infrastruktur schafen, wou déi kënnen anstänneg schaffen. Dat hu mer am Moment net”, betount iwwerdeems de Paul Bach, President vum Verwaltungsrot vun der Pidal a Luerenzweiler Schäffen.

Seng Virgänger hätte Pläng vun engem Neibau maache gelooss, do wieren 308m2 als Surface administrative virgesinn. Déi hätt een elo um 3. Stack virgesinn. D’Personaldelegatioun hätt den Ament kee Raum fir zesummenzekommen, d’Mataarbechter hätte keng Kichen an deemnächst missten nach Leit agestallt ginn, deemno bräicht ee Plaz.

1,6 Milliounen Euro soll den Ëmbau vum 3. Stack kaschten

D’Gemeng Walfer muss ronn 47% dovunner bezuelen.

“Dat si schrecklech vill Suen, do si mer eis eens”, gëtt de Jean Rossy vun der CSV an 1. Schäffe vun der Gemeng Steesel ze bedenken. “Mä mir mussen awer iergendwou e Büro setzen. Ob mer deen elo esou grouss maachen.. déi Diskussioun ass elo amgaangen. Well et ass en Avant-projet sommaire.”

Hie géif dee ganzen Theater ëm eppes, wat nach guer net richteg decidéiert ass, net verstoen.

Vott vum Devis vum 3. Stack vum Ordre du jour geholl

D’Polemik huet awer scho Wierkung gewisen. En Dënschdeg sollt nämlech am Pidal-Comité iwwer den Devis détaillé vum 3. Stack ofgestëmmt ginn. De Vott, dee virun e puer Woche scho mat de Steeseler a Luerenzweiler Stëmmen duerchgoung, mä wéinst Formfeeler en Dënschdeg sollt widderholl ginn, gouf elo kuerzfristeg vum Ordre du jour geholl.

Dat begréisst de François Sauber, Walfer Buergermeeschter. “Et ass wichteg, dass mer dat vum Ordre du jour huelen, datt mer mam Architekt zesumme kommen an dann e Konsens fannen. Am Sënn vum Client an awer och vum Steierzueler. Dat Ganzt soll en bon père de famille geréiert ginn.”

Ob ee sech dann esou séier eens gëtt, ass alles anescht wéi sécher. De Walfer Gemengepapp wéilt nämlech léiwer e Büro um Rez-de-chaussée bäibauen. Dofir misst awer och de Projet vun enger neier grousser Receptioun iwwerduecht ginn. Dës soll iwwer 3 Milliounen Euro kaschten, vill ze vill fënnt den CSV-Politiker.

Déi zukünfteg Ëmbauaarbechten an der Pidal, der gemeinsamer Schwämm vun de Gemenge Walfer, Steesel a Luerenzweiler, suerge fir Gestreits. Eens ass ee sech am Syndikat, datt en zweete Schwammbasseng muss bäikommen an energetesch Sanéierungen néideg sinn.

Back to Top
CIM LOGO