Sief dat d’Affär “Topert” oder fir d’lescht eng Diskussioun tëschent dem Myriam Cecchetti an dem Dan Kersch.
Dem Chamberspresident Fernand Etgen no huet den Toun sech awer net massiv verännert, mä de Rhythmus, wéi Politik gemaach gëtt, hätt einfach changéiert. Dernieft géing et eng grouss Roll spillen, datt Debaten an der Plenière haut iwwer ChamberTV vu jidderengem kënne suivéiert ginn. Doduerch kéinten eenzel Zeenen och vill méi séier viral goen an et géing dann och méi driwwer geschwat ginn.
De Politolog Philippe Poirier gesäit dat e bësse méi nuancéiert a betount, datt virun 2013 sämtlech Koalitiounen tëscht zwou Parteie forméiert gi sinn, haut sinn et der dräi. An déi Parteien, déi an der Oppositioun sinn, bleiwen do och méi laang. Virun de Walen 2013 huet een als Partei ëmmer missen oppassen, mat wiem ee sech uleet, well et wollt ee jo eventuell mat där Partei eng nächst Koalitioun forméieren, sou nach de Philippe Poirier.
Datt mer an engem Superwaljoer sinn, dréit natierlech och zu engem Changement a Saachen Debatte mat sech. Fir datt d’Bierger een als Politiker och wouer huelen, muss ee gehéiert ginn a sech weisen. Dat ass an dësem Joer ëmsou méi wichteg an dofir ass den Toun dann och mol méi rau.
An eisem Reportage hu mir awer och mat e puer Deputéierte geschwat an hu se gefrot, wéi se dann zu dëser Thematik stinn an do falen d’Meenunge ganz ënnerschiddlech aus. De Pirat Sven Clement argumentéiert, datt och Politiker a Politikerinnen nëmme Mënsche sinn a si schwätzen “wéi hinnen de Schniewel gewuess ass”. D’DP-Politikerin Simone Beissel ass anerer Meenung an hofft, datt de Chamberspresident geschwënn eppes ënnerhëlt a seet “Jongen a Meedercher, lo geet et duer!”.