"eran, eraus an ... elo?" "Gëtt een, wann ee krank ass, elo bestrooft?"

RTL Lëtzebuerg
Eng nei Isolatiounspraxis am Prisong zu Schraasseg wërft Froen op, sou ass e Communiqué der Associatioun "eran, eraus an ... elo?" iwwerschriwwen.

D’Schreiwes setzt sech fir d’Interessien vun den Detenuen zu Lëtzebuerg an. Hannergrond ass eng Mesure, déi op den 1. Abrëll zu Schraasseg a Kraaft triede soll an déi d’Krankschreiwungen vun de Prisonéier reegelt. Fir d’Associatioun géife Kranker heimat de facto an hirer Zell isoléiert. D’Prisongsverwaltung géif duerch sou Mesuren d’Liewen hannert zouenen Dieren onnéideg belaaschten. Duerfir sollten déi nei Reegelen nees zréck gezu ginn.

Op Nofro hin nuancéiert d’Spriecherin vun der Prisongsverwaltung d’Reprochen. Et kéint een hei net vun enger strikter Isolatioun schwätzen. An et wier och alles mat engem Dokter ofgeschwat. Prisonéier, déi krank geschriwwe sinn, dierfte weider hir Visitten kréien, hir Rendez-vous mat hirem “Agent psycho-social” wouer huelen, grad wéi hir Therapien. Donieft wier och den Haffgang net a Fro gestallt, grad wéi d’Recht ze telefonéieren an d’Duschen ze benotzen. Am Krankeschäin wier just Sport an aner Fräizäitaktivitéiten net erlaabt. D’Direktioun zu Schraasseg géing sech hei un d’Dispositiounen alignéieren, déi zu Giwenech schonn elo en Place sinn.

Back to Top
CIM LOGO