
Dat huet d'Chancëgläichheetsministesch Taina Bofferding e Freideg de Mëtteg op enger Pressekonferenz betount. Zesumme mat der Justizministesch Sam Tanson an dem Minister fir bannenzegt Sécherheet Henri Kox gouf eng Strategie mat kuerz-, mëttel- a laangfristege Mesurë presentéiert.
Dozou gehéiert ënnert anerem eng obligatoresch Prise en charge vun den Täter, eng zweet Berodungsplaz fir Affer awer och zum Beispill e sougenannten "Bracelet anti-rapprochement", duerch deen d'Affer informéiert gëtt, wann den Täter méi no kënnt. A Frankräich gëtt dëse schonn agesat, hei zu Lëtzebuerg wäert elo an enger Testphas gekuckt ginn, ob et funktionéiert. Och fir d'Vir- an d'Nodeeler dovu ginn analyséiert.
Fir de Bracelet kënnen anzesëtzen, bräicht een awer och Leit, déi den Encadrement dovun assuréieren, sot de Minister fir bannenzegt Sécherheet Henri Kox.
"Een Deel vun deem Encadrement ass ganz wichteg, an dat ass d'Risikoofschätzung, mat der mer confrontéiert sinn. Et muss een eraus fannen, wéini een d'Instrument asetze muss a kann, an dofir brauche mer forméiert Leit, déi och e bëssen als Facilitateur intern bannent der Police kënne figuréieren."
Déi Cellule bei der Police misst méiglechst breet opgestallt ginn an et géife weider ganz ënnerschiddlech Profiller rekrutéiert ginn huet den Henri Kox nach betount.
Zejoert huet d'Police 943 Mol misse wéinst Gewalt am Stot intervenéieren. An 278 Mol ass et d'lescht Joer zu enger Expulsioun komm, déi de Parquet ordonéiert huet. Vun deene waren 18,3 Prozent Widderhuelungstäter. An dofir sollen d'Täter och an Zukunft en obligatoresche Suivi kréien.
D'Gewalt am Stot géif net als Fatalitéit higeholl ginn a wier en absolutte "No-Go". Dat huet d'Chancëgläichheetsministesch Taina Bofferding op der Pressekonferenz betount. De Schutz vun den Affer wier Haaptprioritéit, sou d'Justizministesch Sam Tanson. D'Affer wäerten - wa si wëllen - zum Beispill eng Noriicht kréien, wann den Täter erëm op fräiem Fouss ass.
"Am Virfeld kontaktéiert de Service d'aide aux victimes d'Affer, proposéiert Hëllef an dat och a Form vun engem psychologesche Suivi. Well déi psychologesch Belaaschtung ass an deenen heite Fäll vill méi extrem, wéi an aneren, wou een Affer gëtt. Dat, well et e spezielle Kontext ass an een den Täter gutt kënnt an et eng ganz enk Vernetzung gëtt. Wann den Täter bis eraus kënnt, gëtt déi Informatioun un de Service d'aide aux victimes weider, deen doropshin d'Affer kontaktéiert."