“D’chrëschtlech Sozialléier verlaangt, datt de Mënsch a seng Interessen am Mëttelpunkt vun eisen Iwwerleeungen an eisem Asaz stinn”, esou den LCGB-President Patrick Dury. De Centenaire gouf e Samschdeg den Owend a Presenz vun 800 Gäscht an der Philharmonie um Kierchbierg gefeiert. “Mir bleiwe weider um Ball”: Als Gewerkschaft wier een iwwerzeegt, datt déi zwou grouss Krisen, déi mir aktuell mussen duerchstoen, de Klimawandel an de Krich an der Ukrain, nëmmen duerch Stäerkung vum Sozialmodell am Kader vun der Tripartite kënne gemeeschtert ginn.
Mä wéi sozial ass Lëtzebuerg haut? “D’Aarbecht geet eis net aus. Ech kann elo kee Barometer ginn, wéi sozial Lëtzebuerg ass. Ma et ass net sozial genuch”, sou den LCGB-President Patrick Dury.
D’Gewerkschafte sinn hei zu Lëtzebuerg, nieft dem Patronat an der Regierung, Bestanddeel vun engem Sozialmodell, deen zanter Joerzéngten zum soziale Fridden am Land bäidréit. E Samschdeg en Owend hate sech a Presenz vum Grand-Duc an der Grand-Duchesse an der Philharmonie Leit gesinn, déi och emol scho ferm matenee gestridden hunn. Just fir um Enn Decisiounen ze huelen, déi Lëtzebuerg weiderbruecht hunn.
Zanter 100 Joer setzt sech och den LCGB derfir an, dat d’Rechter vun de schaffende Leit gestäerkt ginn. D’Lëscht ass impressionant: d'40 Stonnen-Woch, bezuelte Congé, de Mindestloun, Lounfortzahlung am Krankheetsfall, d’Pensiounsversécherung, Kannergeld, d’Fleegeversécherung. Primär géif een awer eent ervirstiechen:
“D’Sécherheet an d’Gesondheet op der Aarbecht. U sech war et net esou, datt d’Leit d’Garantie haten, datt se Owes konnten esou heem goen, wéi se Moies komm sinn. An de Minne wësse mer, datt mer eng ganz Rei un Doudegen haten. An der Stol-Industrie deemools och”, sou de Patrick Dury. Fréier war et virop d’physesch Integritéit, haut ass et éischter d’mental Gesondheet.
“Sou wéi et dem Betrib geet. Heiansdo besser, mol méi schlecht”, sot den LCGB-President. Et géif een d’Gewerkschafte brauchen, fir déi Situatiounen opzefänken. Fir Léisungen am Betrib ze fannen, fir dat d’Leit u sech Freed un der Aarbecht hunn.
Iwwert d’Aarbechtsëmfeld eraus beschäftegen de geléierten Ingenieur den Ament Froe wéi de Logement, d’Ëmverdeele vum Räichtum, d’Digitalisatioun an hier Konsequenzen.
E Samschdeg de Moien als Invité an der Emissioun “Background am Gespréich” um Radio, ass de Patrick Dury och op de Krich an der Ukrain a seng Konsequenzen agaangen. Eng imprevisibel Zäit mat der stänneger Fro, wéi dee Krich op en Enn geet.
Mat Emotioun erënnert de Gewerkschaftler un d’Zäit vum Zweete Weltkrich, deen déi 100 Joer am meeschte markéiert hätt. Wou Nazi-Däitschland Lëtzebuerg iwwerfall huet. Wou eis Identitéit sollt ausradéiert ginn. 77 Joer méi spéit géif Russland dat selwecht an der Ukrain maachen. Dat géif revoltéieren.