Plazenofbau bei DuPont Teijin FilmGewerkschafte fuerderen e Plan de maintien dans l'emploi

RTL Lëtzebuerg
Bei LCGB an OGBL ass ee schockéiert iwwert d'Annonce, datt 160 Leit hir Aarbecht verléiere sollen. Et wier net genuch an de Betrib investéiert ginn.
Gewekschafte reagéieren op Entloossunge bei DuPont Teijin Film
LCGB an OGBL weise sech schockéiert iwwert den Ofbau vun 160 Aarbechtsplazen. Et gëtt zudeem eng laangfristeg Strategie vermësst.

D‘Gewerkschafte verlaange esou séier ewéi méiglech e Plan de maintien dans l‘emploi vun der lokaler Direktioun. 160 Leit riskéieren entlooss ze ginn. D‘Verhandlunge fänken en Donneschdeg un. De Marc Kirchen vum LCGB ass vun der Envergure vum Plazenofbau nach ëmmer schockéiert.
“Mir haten effektiv Indicateuren ewéi de Chômage partielle, déi eis gewisen hunn, datt et aktuell ekonomesch e bësse méi schwéier fir de Betrib ass. Mir sinn awer vun der Nouvelle schockéiert, well et awer esou vill leit betrëfft. Vun 270 Leit 160 Plazen ofbauen: Esou eppes gouf et zu Lëtzebuerg scho laang net méi an engem Betrib.”

Kuerzaarbecht ass bei DuPont Teijin Film näischt Neies. D‘Mass u Commande variéiert zanter Jore staark. Den LCGB bedauert, datt et am Virfeld vun der Annonce Gëscht per Communiqué keng richteg Restrukturéierungen oder Investissementer gouf. D‘Teijin Film Linn 2 a 4 ginn zougemaach.

“Elo soll op der Linn 5, déi aktuell nach steet, investéiert ginn an den Haaptkonzentratiounspunkt drop geluecht ginn. Et well een déi rentabel maachen. Esou probéiert een déi lescht 110 Aarbechtsplazen, déi nach opstinn, ofzesécheren.”

Den OGBL vermësst eng méi laangfristeg Strategie beim Betrib. No enger Komplikatioun hätt d‘Cheffen-Etage an den USA d‘Bengel ze fräi bei d‘Tromm gehäit.

Eng Entrevue mam Aarbechtsminister ass geplangt. Et musse séier Decisioune geholl ginn esou d‘Gewerkschaften, fir d‘Personal virun enger sozialer Katastroph ze schützen.

Back to Top
CIM LOGO