Alternativ zu CovidCheck op der Aarbecht gefrotGewerkschafte setzen Ultimatum vun 3 Deeg, wa Regierung net aktiv gëtt

Maxime Gillen
Et geet ëm d’Aféiere vum CovidCheck op der Aarbecht, deen dem Gesetz no, jo vun e Méindeg u ka spillen.

Gewerkschaften an de Covid-Check - Reportage Maxime Gillen

Salariéen, déi nom 1. November mam Covid-Check op der Aarbecht konfrontéiert ginn, solle sech bei hire Personaldelegatioune mellen, se solle keng Dokumenter ënnerschreiwen, déi si Heem geschéckt kréien, se sollen hir Personaldelegéiert kontaktéieren, wa si vum Chef an e Gespréich geruff ginn a si sollen op kee Fall Alternativen acceptéieren, wéi forcéierte Congé oder Deelzäitarbechtslosegkeet.

Dat schreiwen den OGBL, LCGB a CGFP an engem gemeinsame Communiqué en Donneschdeg de Moien. D’Gewerkschafte kritiséieren hei och op en Neits d’Regierung schaarf: déi géing sech daf stellen an all alternativ Léisungen ignoréieren. Dat wier kontraproduktiv, well doduercher och eng ganz Rei Betriber op de CovidCheck verzichten. OGBL, LCGB an CGFP hunn - eegenen Aussoen no - all Vertrauen an d'Politik verluer, fir e konstruktive Sozialdialog oprecht ze erhalen, wéi de President vum LCGB Patrick Dury erkläert.

"Dëse Problem géif net vun de Gewerkschafte kommen. D'Regierung hätt bewisen, dass si hiren Dossier net zesummen hätt an hätt d'Vertraue vun de Gewerkschafte verspillt. Deemno hätt d'Verhale vun der Regierung dann och Auswierkungen iwwert déi nächst zwou Wochen eraus".

An den nächsten Deeg géing iwwer gewerkschaftlech a juristesch Schrëtt berode ginn, sollt d’Regierung net bannent den nächsten 3 Deeg aktiv ginn. De Generalsekretär vun der CGFP, Steve Heiliger.

"Et hätt ee jo an der Vergaangenheet scho kritiséiert, dass kee richtegen Dialog zustane komm wier. Domat hätt ee sech vill Diskussioune kënnen erspueren. D'Gewerkschafte géifen elo den 31. Oktober ofwaarden. Sollt d'Regierung sech bis dohin net manifestéieren, géife si sech nach eng Kéier zesummesetzen an dann och weider Schrëtter aleeden."

Beim Staat als Employeur géif een iwwerdeems d'Cheffe vun den Administratiounen an eng schwiereg Situatioun bréngen, well si Gesetz no am Prinzip kënnen decidéieren, ob, wann a wéi si de CovidCheck aféieren, wärend den zoustännege Minister dat jo kloer vun hinne fuerdert. Gläichzäiteg fuerdert d'CGFP, dass et eng kloer Linn uechter déi ganz Fonction publique gëtt an dass et an all Administratioun keng ënnerschiddlech Reegele gëtt.

D'Presidentin vum OGBL Nora Back betount, dass de Refus vun der Regierung, fir mat de Gewerkschaften ze schwätzen, an déi vill Onkloerheete vill Froen an de Betriber opwerft. Den Text, deen d'Regierung virgeluecht huet, géif e vill ze grousse Vide juridique loossen.

D'Covid-Kris huet iwweregens d’lescht Joer zur stäerkster Baisse vun de Migratiounsstréim gefouert, déi jee verzeechent gouf, sou d’OECD en Donneschdeg. 2020 sinn 30 Prozent manner Migranten an den OECD-Länner ukomm. D’Organisatioun fir ekonomesch Kooperatioun an Entwécklung zielt 38 Staaten, haaptsächlech europäesch a nordamerikanesch Natiounen.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO