
Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser wollt vun der grénger Justizministesch Sam Tanson wëssen, wat fir d’Sécherheet, d’Formatioun an d’Karriär vun den Agents pénitentiaires gemaach gëtt. Dat no rezenten Tëschefäll zu Schraasseg, bei deenen eng Rei Giischtercher blesséiert goufen.
An deem Kader wieren Detailer iwwert d’Situatioun am Prisong bekannt ginn, iwwert déi ee sech misst Gedanke maachen, esou de Fernand Kartheiser: “Datt de Prisong och iwwerfëllt wier an och ze waarm wier elo am Summer, datt en iwwerhëtzt ass, an datt et och méi dacks zu Rebellioune kënnt am Prisong. Déi rezent Gewalt géint Giischtercher, besonnesch och deen Ugrëff vum 29. Juni, sinn anscheinend och zum Deel duerch en akute Personalmangel z’erklären. Dir gesitt a menger Introduktioun si schonn eng Rei Froen, vum iwwerhëtzte Prisong bis zum Personalmangel. A mir héieren och, datt d’Giischtercher sech bekloen, datt se net genuch iwwer Menace géint si oder Membere vun hirer Famill informéiert ginn.”
Et géing een d’Sécherheet vun de Giischtercher ganz seriö huelen, esou d’Justizministesch, an och kucken, fir si anescht z’equipéieren: “Si hu jo scho Material, mee do ass et esou, dass elo gekuckt gëtt, dat Ganzt ëmmer am Kader vun der Self Defense ze halen, dat heescht et geet net drëm, pro-aktiv Gewalt unzewenden, et geet drëm, datt se sech kënnen sou gutt wéi méiglech verdeedegen, wann dat muss sinn. A mir sollen och déi Situatioun elo net héichstiliséieren, et war wuel elo en Tëschefall, mee et ass awer net esou, wéi wann dat déi ganzen Zäit de Fall wier, well mer ebe vill op déi méi roueg Aarbecht setzen, mee wa Krisesituatioune sinn, da musse se kënnen handelen, an do ass dann eng Hierarchie, déi virgesinn ass mat Handschellen, Matraquen an eben och Tréinegas, dee kann agesat ginn.”
Effektiv wier d’Rekrutementsprozedur déi lescht 2 Joer duerch d’Pandemie gebremst ginn, well ee manner Stagiairë gläichzäiteg hätt kënnen uléieren, esou d’Sam Tanson. Zanter 2018 wieren 206 Giischtercher rekrutéiert ginn, sou datt een elo 442,6 Equivalents plein temps hätt. Aktuell wieren awer och eng Dose Giischtercher an engem längere Krankeschäin, 19 Agente sinn an d’Unisec zu Dräibuer detachéiert an et géingen och ëmmer nees Leit duerch Corona ausfalen.