Invité vun der Redaktioun (15. Mee)Gilles Feith zu Cyberattacken: "Lëtzebuerg ass keng Insel!"

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moie géint 10 op 8 war den Direkter vum "Centre des technologies de l'information de l'État", kuerz CTIE.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Gilles Feith
Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moie géint 10 op 8 war den Direkter vum "Centre des technologies de l'information de l'État", kuerz CTIE.

Lëtzebuerg ass keng Insel! An dowéinst war Lëtzebuerg och vun der weltwäiter Cyberattack mat der Erpressung-Software "WannaCry" viséiert.

Sou de Gilles Feith, Direkter vum "Centre des technologies de l’information de l’état".

Et gouf awer séier reagéiert:

Vu samschdes u gouf dru geschafft, d'staatlech Informatik ze protegéieren an d'Populatioun ze informéieren. Un d'Leit ass et an deem Sënn den Appell, keng onbekannten oder suspekt Mailen opzemaachen.

Ob et zu Schied kënnt, läit also och un all eenzelnem.

RTL-NEWS: Verbreedung via E-Mail - Regierung warnt virun Erpressungssoftware "WannaCry".Mat der Digitalisatioun wiisst de Risk fir esou Cyberattacken natierlech, ma och d'Sécherheetsmesurë ginn ëmmer weider adaptéiert.

Allgemeng steet Lëtzebuerg gutt do a Saachen Digitaliséierung, mat sengen kuerze Weeër, gudden Data-Zentren a Reseauen, erkläert den Direkter vum CTIE.

Et muss een awer oppassen, datt jidderee matgeholl gëtt op dësen digitale Wee, sou nach den Invité vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moie géint 10 op 8 war den Direkter vum "Centre des technologies de l'information de l'État", kuerz CTIE.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO