800 Leit hänken den Ament an de Flüchtlingsstrukturen hei am Land fest, obwuel se de Flüchtlingsstatut hunn, ma well se um Lëtzebuerger Marché keng Wunneng fannen. En Dënschdeg de Moien huet d'Integratiounsministesch an deem Kontext op en Neits en Appell un d'Gemenge gemaach.
Mir hunn zu Lëtzebuerg keng Flüchtlingskris mä eng Wunnengskris. Hätte mer kee Wunnengsproblem, wier den Accueil an de Logement vun de Flüchtlingen och kee grousse Problem, dat sot den Direkter vun der Agence immobilière sociale Gilles Hempel e Mëttwoch de Moien bei eis op der Antenne.
Den Enkpass bei de Sozialwunnengen wier schonn do gewiescht, ier de Grand-Duché mat der Flüchtlingskris konfrontéiert gouf. Si wiere wéi gesot och net déi eenzeg, déi Problemer hu fir aus de Foyeren eraus op de reguläre Wunnengsmarché ze kommen. Ähnlech géif et och Frae goen, déi a Fraenhaiser hänke bleiwen, sou den Direkter vun der Agence immobilière sociale.
D'AIS schafft den Ament mat enge 50 Gemenge zesummen, fir sozial Wunnenge fir Leit mat niddregem Revenu unzebidden. All deenen aneren huet de Gilles Hempel de Moien seng Zesummenaarbecht ugebueden. D'AIS geréiert den Ament ee Park vun 375 Wunnengen. All Mount géifen 10 bis 11 Wunnengen derbäi kommen, déi Privatproprietairen via d'AIS u Leit a Famillje mat niddregem Akommes verlounen.Invité e Mëttwoch de Moien um 10 op 8 war den Direkter vun der AIS an de Sujet sinn d'Strukture fir demandeurs d'asile.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.