Invité vun der Redaktioun (24. Mee)Gilles Retter: "Vieso" ass eng Chance

RTL Lëtzebuerg
Den Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch um 10 op 8 war de Moralesprofesser a fréiere Member vun der Associatioun vun den Ethikproffen ALPE.

An der zoustänneger Chamberkommissioun gëtt um Mëttwoch de Moien, op Demande vun der CSV, zesumme mam Educatiounsminister Claude Meisch de Point iwwert d'Aféierung vum neie Fach "Vie et société" also dem Wäerterunterrecht an der Grondschoul gemaach. Bis ze lescht gouf et dowéinst jo nach Diskussiounen iwwert d'Reprise vun de fréiere Reliounsenseignanten an d'lescht Woch huet de Cercle de coopération des associations laïques de geplangte Cours als "fourre-tout" kritiséiert, an deem nëmme gebraddelt géif. Och déi fréier Associatioun vun den Ethikproffen huet an der Zäit gefuerdert, datt am beschten d'Philosophie d'Leetdisziplin vum Cours wier an hat an der Zäit virun engem gekappte Reliounsunterrecht gewarnt. Antëscht gesäit den Enseignant Gilles Retter a fréiere Member vun der ALPE "Vie et société" duerchaus als Chance.

De groussen Defi wier et, den neie Cours elo richteg z'etabléieren.

Den Educatiounsministère wëll nach an dësem Trimester eng Ëmfro bei den Enseignanten an de Schüler iwwert hir Meenung zu "Liewen  a Gesellschaft" maachen. De Cours soll sech nämlech nach weider entwéckelen. De Gilles Retter hofft, datt elo verstäerkt forméiert Proffe fir "Vieso" rekrutéiert ginn. D'Fach géif den Ament nach vu ville "fachfriemen" Enseignanten gehale ginn. Dat wier awer net onbedéngt e Problem. Wichteg wier, datt "Liewen a Gesellschaft" vun Enseignante gehale gëtt, déi hannert dem Fach stinn.

Den Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch um 10 op 8 war de Moralesprofesser a fréiere Member vun der Associatioun vun den Ethikproffen ALPE.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

--> Vun dësem "Invité vun der Redaktioun" gëtt et wéinst engem technesche Problem ausnamsweis kee Video. Mir bieden, dat ze entschëllegen, a soe Merci fir Äert Versteesdemech.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO