De Comité nationale de défense sociale feiert seng 50 Joer. Dëse wichtegen Acteur am Lëtzebuerger Sozialsecteur hëlleft Mënschen, déi keng Wunneng, keng Aarbecht, oder Drogeproblemer hunn. Den Direkter Gilles Rod, huet erkläert, datt sech d'Aarbecht vum CNDS am leschten hallwe Joerhonnert mat de Besoine vun de Leit an de Beräicher Psychiatrie an Wunnengsmaart geännert huet.
Am September wiesselt den Gilles Rod iwwregens eriwwer bei d'Oeuvre national de secours Grande-Duchesse Charlotte. Aus deem Grond huet hien och säin Mandat als grénge Gemengeconseiller an der Stad ofginn.
E Mëttwoch de Moien um 10 op 8 war den Direkter vum Comité national de défense sociale Invité vun der Redaktioun.