LiewensmëttelsécherheetGluten am Produit "Köfte Harci" gouf net vermierkt

David Winter
Op der Etikett, déi op de Produiten drop sinn, gouf net drop vermierkt, dass Weess (Gluten) enthalen ass.

D'Autoritéite vun de Liewensmëttelsécherheet goufe vun der Supermarchéschaîne "Delhaize" zu Lëtzebuerg informéiert, dass de Produzent TADAL S.A. de Produit "Köfte Harci" vun der Mark "BAKTAT" zeréckzitt. Dëse Produit gouf zu Lëtzebuerg an den Delhaize-Supermarchéë verkaaft.

Op der Etikett, déi op de Produiten drop sinn, gouf net drop vermierkt, dass Weess (Gluten) enthalen ass. Hei Detailer iwwert de Produit:

Nom: Köfte Harci (épices mélangées pour hamburger /mélange d'épices pour les boulettes de viande spécialité turque)

Marque: BAKTAT

Unité: 100g

DLC: Tous

Numéro de lot: Tous

Code barre: 8690804035418

De Produit gouf direkt aus dem Verkaf erausgeholl ginn, ma trotzdeem goufen e puer Produite verkaaft. Leit déi keng Allergie op Gluten hunn, kënnen de concernéierte Produit ouni Problem consomméieren.

Back to Top
CIM LOGO