Vun Zäit-Management bis SportstonnenGouf a ginn et Mëssstänn bei der IGP?

Marc Hoscheid
D'Inspection générale de la police soll derfir suergen, datt d'Police d'Gesetzer anhält. Ma ee fréiere Mataarbechter reprochéiert Feelverhalen.
© RTL/Archiv

Um Enn hätt hie sech harceléiert gefillt a medezinesch Hëllef gebraucht. An och wann e lo scho méi wéi een halleft Joer an der Pensioun ass, ass hien nach ëmmer der Iwwerzeegung, datt déi Praktiken, déi hien ugeprangert hat, géint d’Gesetz verstouss hunn a vläicht esouguer nach ëmmer maachen. Rieds geet vun engem fréiere Mataarbechter* vun der IGP, dee sech bei RTL gemellt huet, fir seng perséinlech Geschicht ze erzielen, déi gläichzäiteg mat generelle Problemer bei der Administratioun verknëppt ass. Ma ëm wéi eng Reprochë geet et genee?

Et geet ëm den Zäitraum tëscht Juli 2020 bis Mëtt Mäerz 2021. Hie wier gewinnt, fréi opzestoen a wier dowéinst och scho fréi op der Schaff gewiescht, meeschtens viru 6 Auer. Ee gudden Deel vun deene fréie Stonnen hätt een dem Patron geschenkt, well guer net virgesi war, datt esou fréi geschafft gëtt, an domadder hätt een och kee Problem gehat. Ma hie wier awer reegelméisseg um 15 Auer gaangen, well hie seng aacht Stonnen eran hat, dat mat der Zoustëmmung vu sengem Virgesetzten. Op eemol wier awer bei der IGP agefouert ginn, datt een iwwert de Compte épargne-temps (CET) huet mussen ufroen, fir vu 15 bis 16 Auer fräi ze kréien. Viraussetzung war, datt op d’mannst zwee Enquêteure physesch present waren.

Just zwou CET-Demandë pro Woch accordéiert

Dat eleng schéngt op eemol awer net duergaangen ze sinn, well och wann dee betraffene Beamten iwwert de CET fräi gefrot huet a méi wéi zwee Beamten do waren, goufen dës Demanden dacks refuséiert. Op eemol gouf hie vu sengem Virgesetzten op seng reegelméisseg Demanden ugeschwat. D’Direktioun hätt an enger Note interne festgehalen, datt hie just zwee Mol pro Woch iwwert den CET fräi kréien dierft a wann hie weider méi wéi zwou Demandë pro Woch maache géing, disziplinaresch géint de Beamte virgaange misst ginn.

Well seng Demanden ëmmer rëm refuséiert goufen an hien dat als Harcèlement empfonnt hätt, wier hie krank ginn a war och eng Zäit krankgeschriwwen. Einfach méi spéit unzefänke mat schaffen, wier fir hie keng Optioun gewiescht, well hie juristesch am Recht gewiescht wier. Grad eng IGP, déi d’Police kontrolléiere soll, misst sech un d’Gesetzer halen. Eng Versetzung hätt sech aus ënnerschiddleche Grënn als schwéier erwisen.

Zwou Sportstonnen, fir mam Hond spadséieren ze goen

Och an engem anere Punkt hätt sech d’IGP net korrekt beholl, an zwar bei de Sportstonnen. Zanter der Reform vun der IGP den 1. August 2018 haten d’Beamten zwou Sportstonne pro Woche zegutt, Leit mat enger hallwer Tâche eng Stonn. Deen ernimmte Beamte war allerdéngs der Meenung, datt déi Reegelung illegal wier. Dowéinst huet hien op Basis vum Artikel 33 vun der loi modifiée vum 16 Abrëll 1979 iwwert de Statut vun de Fonctionnaire beim deemolege Minister vun der Fonction publique, Marc Hansen, reklaméiert. Och de Parquet war informéiert ginn.

Als Reaktioun hat d’IGP-Direktesch Monique Stirn Mëtt Mäerz 2021 decidéiert, datt d’Sportstonnen op den 1. Mäerz 2021 géingen ofgeschaaft ginn. De Beamten hat sech virun allem dorunner gestouss, datt all méiglech Zort vun Aktivitéit als Sport akzeptéiert gi wier, zum Beispill, wann ee mam Hond spadséiere goung.

Dossier läit um Verwaltungsgeriicht

De Beamten ass am Dezember 2022 an d’Pensioun gaangen. Nodeems d’Sportstonnen ofgeschaaft goufen, wier eng Affaire disciplinaire géint hien ageleet ginn. Un därem Enn stoung eng Retrogradatioun, no enger Entloossung déi zweethéchste Strof, déi ee Beamte ka kréien, an déi een Impakt op d’Héicht vun der Pensioun huet. Den Dossier läit aktuell beim Verwaltungsgeriicht.

Mir hunn och bei der IGP nogefrot, fir op d’Reprochen ze reagéieren, mee déi Responsabel wollte sech net dozou äusseren.

Wëll dir Kontakt mat der Redaktioun ophuelen, da maacht ee Mail op dossier@rtl.lu.

*Numm ass der Redaktioun bekannt.

Back to Top
CIM LOGO