Impfungen a SpideelerGoufe Familljemembere vu Mataarbechter a pensionéiert Salariéë geimpft?

RTL Lëtzebuerg
D’Santé iwwerpréift den Ament, ob an 2 Spideeler Familljemembere vu Mataarbechter, respektiv Leit, déi schonn an der Pensioun sinn, geimpft goufen.

Dat sot d’Paulette Lenert bei de Kolleege vum 100,7. Wann dat sech confirméiere géif, wier dat eng flagrant Mëssuechtung vun de Virschrëften a juristesch Schrëtt wieren net ausgeschloss. Ëm wéi eng Spideeler et geet, wollt d’Gesondheetsministesch net soen.

Den 100,7 hat e Samschdeg de Moie scho gemellt, datt d’Santé d’Spideeler freet, fir d’Impflëschten op Feeler z’iwwerpréiwen. RTL krut dës Informatioun op Nofro aus dem Gesondheetsministère och confirméiert.

Dës Decisioun ass wuel geholl ginn, well an den Hôpitaux Robert Schuman dräi Membere vum Verwaltungsrot fréizäiteg geimpft goufen. Dat hat fir vill Kritik gesuergt, fir d’Gesondheetsministesch war dat awer op e Mëssverständnes, an net op e bewossten Abus zréckzeféieren.

De President vum Verwaltungsrot vun den Hôpitaux Robert Schuman hat en Donneschdeg op enger Pressekonferenz ënnerstrach, d’Partner vun den 3 Verwaltungsrotsmembere wieren net geimpft ginn an och soss keng Leit aus hirem Ëmfeld.

Bei der Pressekonferenz en Donneschdeg hat d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert betount, et wär aus Grënn vum Dateschutz net méiglech d'Impflëschten einfach esou z'iwwerpréiwen. Deemno ass d'Santé hei op d'Donnéeën aus de Spideeler ugewisen.

D'Spideeler hätte keng gemeinsam Approche a géifen ënnerschiddlech mat verschiddene Fäll ëmgoen, schreift den 100,7 weider. Mataarbechter, déi d'Pensioun schonn hunn, wären am CHL guer net geimpft ginn, hätt den CHL-Generaldirekter Romain Nati dem sozio-kulturelle Radio gesot. Aner Spideeler hätten dat méi large gesinn.

D'Spideeler an hiert Personal si jo Deel vun der prioritärer éischter Phas vun der nationaler Impfcampagne. 6 Phase sinn am Ganze geplangt.

D'Spideeler krute bis ewell Impfdosisse fir am Ganze 7.925 Leit z’impfen. Déi Zuel krute mir op Nofro vum Gesondheetsministère präziséiert. Wéi et heescht, wieren d'Liwwerungen en fonction vun den Demandë vun de Spideeler gemaach ginn. Si hätten déi Impfstoffer kritt, déi zu deem Zäitpunkt op Lëtzebuerg geliwwert goufen, a Consideratioun vun de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses.

De President vum Verwaltungsrot vun den Hôpitaux Robert Schuman, de Jean-Louis Schiltz, hat sech bei enger Pressekonferenz en Donneschdeg gewonnert, datt bei hinnen 2.200 Leit mat Moderna a Biontech/Pfizer geimpft goufen, an „engem aneren Haus“ schonn 2.900. Dat kéint hie sech net anescht erklären, wéi dass déi aner méi kruten.

Back to Top
CIM LOGO