Am Interview mam EssentielGrande-Duchesse kämpft géint "A-Priorien"

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum Weltfraendag kënnt och d'Grande-Duchesse Maria-Teresa e Méindeg an de Medien zu Wuert.
© RTL Archivbild

An engem Exklusiv-Interview mam Essentiel gëtt si ënner anerem gefrot, ob si och alt d'Gefill hat, op eng klassesch Fra-Roll "reduzéiert" ze ginn.

Dat wier inevitabel, seet d'Fra vum Staatschef an, datt et Domainer géife ginn, wou ee si probéiert hätt, an enger Frae-Roll "anzespären", ouni datt si hätt kéinten d'Saachen esou maachen, wéi si gewollt hätt.

Wuertwiertlech seet d'Grande-Duchesse, datt et heiansdo e reegelrechte "Kampf" wier, fir sech Gehéier a Respekt ze verschafen.

An engem aneren Deel vum Gespréich, seet d'Fra vum Grand-Duc, datt si dës Kämpf ("ces combats") gefouert hätt, well si un hir "Causen" géif gleewen an aus Flicht. De Support vun hirem Mann, dem Grand-Duc, wier eng enorm Kraaft, mee si hätt sech och misste géint verschidden "A-Priorien" wieren.

De Journalist vum Essentiel geet weider net op dës Aussoen an a freet och net no, wat genee d'Grande-Duchesse heimat gemengt huet, respektiv, wou si dann op d'Roll vun der Fra "reduzéiert" gouf a mat wiem déi ugeschwate Kämpf da gefouert goufen.

Am Essentiel-Interview gëtt de Lieser och gewuer, datt d'Fra vum Grand-Duc nach net géint de Coronavirus geimpft wier an hiren Tour géif ofwaarden, mee allemol géif si sech impfe loossen.

De Kaf vun engem Appartement am Baskeland kënnt och zur Sprooch. Biarritz wier eng Plaz, déi der groussherzoglecher Koppel gutt gefall hätt, och wéinst der Proximitéit zu Spuenien, wou d'Grande-Duchesse opgewuess wier. Biarritz wier duerfir dat "klengt Nascht" vun der Koppel.

Op RTL-Nofro hin heescht et vum Palais, datt d'Grande-Duchesse den Interview an hirem perséinlechen Numm ginn huet, datt also keen Accord huet misse virleien.

Och fir en anert Gespréich, dat d'groussherzoglech Koppel rezent dem Paris Match ginn hat, war keen Accord gefrot ginn. Doropshi sot d'Hofmarchallin Yuriko Backes bei eis op der Antenn, datt si d'Publikatioun vun dësem Interview och net accordéiert hätt.

Ënner anerem hat d'Fra vum Grand-Duc an deem Gespréich quasi dem Land "eng Form vu Misogynie" reprochéiert, wéi iwwer déi nei geschaafte Maison du Grand-Duc rieds goung.

De fréieren IGF-Chef Jeannot Waringo ass doriwwer déif enttäuscht an hat dëst an der Emissioun "Background am Gespréich" zum Ausdrock bruecht.

Back to Top
CIM LOGO