De fréieren IGF-Chef war e Samschdeg eisen Invité an der Emissioun "Background am Gespréich".

Ech krut a menger Missioun nëmme Support vum Grand-Duc. Dat sot an der Emissioun Background e Samschdeg de Mëtteg den Auteur vum Waringo-Rapport. Hie géing éischter zu enger Republik tendéieren, hätt léiwer wann e Staatschef aus engem demokratesche Prozess erauskéim. Ma et géingen awer Argumenter fir d'Monarchie ginn, ënner anerem d'Stabilitéit. De Jeannot Waringo ass senge Wierder no "rationell" u seng Charge erugaangen a wollt d'Monarchie festegen an dëser Institutioun hëllefen.

Hien huet awer och net verstoppt huet, datt hien déi rezent Zu-Wuert-Meldunge vun der groussherzoglecher Koppel interpelléieren, souguer enttäuschen.

Enttäuschung géintiwwer Aussoen am "Paris-Match"

Datt d'Fra vum Grand-Duc sech manifestement an d'Personalpolitik agemëscht huet an doropshin iwwert Méint a Jore bal 60 Leit hirer Wee gaange sinn, huet de Jeannot Waringo "net richteg" fonnt an hätt dat och sou virun engem Joer geschriwwen.

Rezent nach hat d'groussherzoglech Koppel en Interview am "Paris-Match" ginn. Do hat d'Grande-Duchesse Maria-Teresa quasi dem Land e Reproche gemaach, fir fraefeindlech ze sinn. En Interview, dat d'Hofmaréchale Yuriko Backes, sou wéi Si et hei am RTL-Interview sot, net accordéiert hätt. Gefall war d'Wuert "mysogynie". De Jeannot Waringo ass doriwwer déif enttäuscht.

Extrait Jeannot Waringo (1)

Waringo-Rapport net kontradiktoresch debattéiert: De Jeannot Waringo wonnert sech

De Jeannot Waringo wonnert sech dann och iwwert anert Aussoen, dës Kéier am Paperjam vum neien Administrateur vun der Fondatioun vun der groussherzoglecher Koppel. De Norbert Becker hat kritiséiert, datt de Waringo-Rapport net kontradiktoresch debattéiert gi wier an den Haff och zejoert net dës Méiglechkeet hat.

Extrait Jeannot Waringo (4)

De Jeannot Waringo seet am Réckbléck, datt hie sech ëm d'Roll vum Grand-Duc interesséiert huet, e Bréif vum leschte Joer, dee vun Genève aus, vum Staatschef an der Defense vu senger Fra geschriwwe gouf, wier iwwerdriwwe gewiescht.

E Mea Culpa wier vläicht deen, datt "hie wollt hëllefen" a keng Attack, a vläicht wier dëst net gutt genuch eriwwerkomm, sou de Jeannot Waringo.

Datt ech wärend der Missioun e Bréif vun engem Affekot krut, huet mech ganz duerchernee gemaach, sou de fréiere Finanzbeamte Waringo. Dat hätt d'Stëmmung verännert, well hien och bis haut net wéisst, wien dee Bréif initiéiert huet. Hien hätt sech awer net ënner Drock setzen oder beaflosse gelooss, au Contraire hätt hie sech du méi Fräiheete geholl, sou de Jeannot Waringo.

Datt de Grand-Duc Henri Gesetzesprojeten zu Biarritz signéiert huet, bezeechent de Jeannot Waringo als Faux-Pas.

Extrait Jeannot Waringo (3)

Faux-pas och vum Verwaltungsrot vun den Hôpitaux Robert Schuman

E weidere Faux-Pas ass et fir de Jeannot Waringo, dee selwer zanter Joerzéngten den CFL-Verwaltungsrot presidéiert, datt sech Membere vun den Robert-Schuman-Spideeler géint de Corona-Virus impfe gelooss hunn.

Extrait Jeannot Waringo (5)

Waringo-Rapport setzt Kader, wéi Monarchie soll ausgesinn

Fir den Auteur vum Waringo-Rapport hätt hien e Kader gesat, wéi d'Monarchie soll an Zukunft ausgesinn. Elo wier et un der groussherzoglecher Famill an am Speziellen dem Ierfgroussherzog Guillaume, fir dëst a Musek ëmzesetzen.

Datt et um Haff physesch Gewalt soll ginn hunn, dat hätt hien ni héieren, sou de Jeannot Waringo

D'Hofmarschall Yuriko Backes géing eng excellent Aarbecht maachen. "Mäi Rapport ass keng Bibel a muss vun anere Leit interpretéiert an ëmgesat ginn", sou de Jeannot Waringo. Hie géing mengen, haut wier d'Ambiance rëm gutt. De Premier Xavier Bettel hätt iwwregens ni Afloss geholl.

CFL: Hoffnung, datt Zuchstreck op Bréissel däitlech verbessert gëtt

De Jeannot Waringo ass iwwerdeem och zanter 3 Joerzéngten de President vun den CFL, déi dëst Joer hir 75 Joer feieren. Hie gëtt d'Hoffnung net op, datt bis a 6 Joer d'Zuchstreck op Bréissel däitlech verbessert gëtt.

Extrait Jeannot Waringo (2)

De Jeannot Waringo sot iwwerdeem och op eiser Antenne, datt trotz Pandemie, d'CFL-Cargo géif schwaarz Zuelen schreiwen. Optimistesch ass hien och, wat d'Aféieren vum séieren Tram ugeet.

Resumé Backgroung mam Jeannot Waringo
De fréieren IGF-Chef war e Samschdeg eisen Invité an der Emissioun "Background am Gespréich".

Background am Gespréich: Jeannot Waringo

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an am RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.