Dono kann dann iwwer méiglech Strategien informéiert ginn. Wéi eng Rechter huet een zum Beispill, wann een online eppes bestallt an och scho bezuelt huet, mee et ni ukoum an d’Suen verluer schéngen? Oder wann een en Acompte fir eng Plaz an enger Crèche iwwerwisen huet an duerno trotzdeem op enger Waardelëscht land?
An hirem zweete Master-Joer am Droit op der Uni Lëtzebuerg kënne Studenten beim Cours “Clinique du droit” matmaachen. Hei ënnersiche si reell Sträitfäll am Kontext Konsumenterecht an informéieren déi concernéiert Clienten.
De Montant, dee pro Dossier am Raum steet, dierf 5.000€ net iwwerschreiden. Wichteg ass och dass d’Lëtzebuerger Konsumenterecht gräift.
D’Studenten treffen hir Clientë perséinlech, fir se iwwer legal Basissen opzeklären. Si selwer huelen awer keng Decisiounen oder schreiwen ewéi geléiert Affekoten Bréiwer, dorëms muss sech de Konsument këmmeren. Am Virfeld ginn d’Studenten bei fiktiven Simulatiounsgespréicher op méiglech schwiereg Situatioune virbereet.
Wat fir d’Studenten eng gutt Virbereedung op d’Beruffswelt ass, ass anengems e gratis Service um Client. Wee sech Informatiounen am Kader vun engem rechtleche Problem wënscht, ka säin Dossier online un d’Clinique du droit schécken.