Stad LëtzebuergGratis Tamponen, Binden a Kondomer op ëffentlechen Toilettë gi Realitéit

RTL Lëtzebuerg
D'Initiativen, fir an ëffentlechen Toilettë gratis Hygiènesproduiten zur Dispositioun ze stellen, mécht hire Wee a gëtt och lo an der Stad ëmgesat.
© AFP/Archiv/LOIC VENANCE

Deemno sinn Tamponen, Binden, mä och Kondomer geschwënn och an allen ëffentlechen Toiletten um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg fir näischt ze kréien. Déi entspriechend gréng Luucht gouf et e Méindeg de Mëtteg am Stater Gemengerot.

Extrait Maurice Bauer

Eng ronn Dosen ëffentlech Toilettë gi mat de gratis Produkter equipéiert, sou datt fir den Hierscht dës Offer prett ass.

Nieft der Stad ass och Walfer eng vun de Gemengen, wou zanter Mee gratis Hygiènesartikelen op ëffentlechen Toiletten zur Dispositioun stinn.

Ewell virun 2 Joer war d'TVA op dës Produkter op 3% erofgesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO