1984 gouf Greenpeace Lëtzebuerg gegrënnt. D’Ëmweltorganisatioun feiert deemno dëst Joer hiren 40. Anniversaire an hat an deem Kader op eng Pressekonferenz invitéiert, op där e Réck- an Ausbléck vun hire Campagnen an Engagementer gemaach goufen.
A villen Dossieren hätt een iwwert d’Jore wichteg Schrëtt no vir kënne maachen, huet den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg Raymond Aendekerk ënnerstrach. An awer wier nach villes ze maachen. Wat changéiert hätt an de leschten 40 Joer, wier virun allem, datt d’Dossiere méi komplex gi wieren:
“Wann ee schonn eleng kuckt de Finanzsecteur, deen e groussen Impakt huet an op der ganzer Welt mee och am klenge Lëtzebuerg. Do geet alles sou séier an d’Konstrukter sinn esou komplizéiert ginn. Als Ëmweltorganisatioun ass et do scho schwéier, eng grouss Expertise opzebauen.”
An awer geet een och ëmmer méi a Richtung, fir op Experten zréck ze gräifen. Och de Roger Spautz, deen zanter Ufank u bei Greenpeace Lëtzebuerg dobäi ass, ënnersträicht, datt d’Manéier wéi ee schafft natierlech iwwert d’Jore geännert huet:
“Problemer si vläicht méi komplex, méi komplizéiert ginn. Mee d’Méiglechkeeten, fir mat Experten ze kommunizéieren, Recherchen ze maachen, si méi einfach wéi nach virun 30 oder 40 Joer.”
D’Klimapolitik wier nach ëmmer en extrem wichtegt Thema, betount den Direkter vu Greenpeace. Et géif een ëmmer weider Retarden kréien, amplaz datt Mesuren ergraff ginn, fir eppes geännert ze kréien. Dofir misst onbedéngt weider doru geschafft ginn:
“Dat ass d’Basis vun eiser ganzer Ekonomie, eiser Landwirtschaft, eisem Zesummeliewen. An och wann een déi ganz Migratiounspolitik kuckt, hänkt et och domat zesummen. Et ass e risegen Dossier, wou mer eise Rôle musse spillen.”
Dëst Joer si Campagnë geplangt ënnert anerem fir e weidere Glyphosat-Verbuet. Greenpeace fuerdert dann och, datt de Kompensatiounsfong sech un d’Objektiver vum Paräisser Klimaaccord hält an de Greenwashing gestoppt gëtt.
