
Am ganze goufe bei dësen zwou Kontrollen, déi tëscht 22 an 1.30 Auer waren, 229 Automobilisten ugehalen. Bei 5 Persoune war den Alkoholpeegel ze héich ausgefall, eng Persoun huet de Permis missten ofginn.
Weider gouf et grouss Kontrolle vum Parquet an der Géigend vun der Stad. Tëscht 23. Auer a Mëtternuecht um Boulevard Joseph II, tëscht 1 an 2 Auer an der Iechternacher Strooss an tëscht 3 a 4 an der Rue de Neudorf. Hei goufen 211 Automobiliste kontrolléiert a 14 vun hinnen haten ze vill gedronk, fënnef kruten de Permis ofgeholl.
Da mellt d'Police weider véier Fäll, wou e Permis wéinst engem ze héijen Alkoholpeegel ofgeholl gouf. Zu Esch an der Rue de la Paix an an der Stad um Briddel war all Kéiers eng Persoun duerch hir Fuerweis opgefall.
Am Garerquartier hat eng Patrull Autosstécker an zwee ëmgerannte Pottoen an der Rue Dicks festgestallt. En Zeie konnt de Won beschreiwen an huet ausgesot, datt d'Gefier a Richtung Gare gefuer ass. Do hunn d'Beamten den Auto entdeckt, deen op enger Busspuer stoung. De Chauffer war net an der Géigend. Déi waren an d'Avenue de la Liberté gelaf, sinn awer kuerz drop zeréck bei den Auto komm. De Chauffer wéinst alkoholiséiertem Fueren de Permis ofgeholl.
Um Boulevard Victor Thorn war en Automobilist an e Bam gerannt, dono ass d'Gefier awer hannertsech zeréck op d'Fuerbunn gerullt an do mat engem Auto, deen entgéint koum, kollidéiert. De Chauffer vum éischte Gefier gouf blesséiert a koum an d'Spidol. De Permis krut hien awer och nach ofgeholl, well säin Alkoholpeegel ze héich war.