
Dobäi gouf ee presuméierten Drogendealer gestallt an op Uerder vum Parquet festgeholl. Hie koum e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter. E Mandat d’arrêt gouf ausgesprach.
Donieft gouf eng Plainte géint 3 weider Persoune wéinst dem Besëtz vu klenge Quantitéiten Haschisch gemaach. D’Drogen an d’Telefone goufe saiséiert.
Trickdéifstall an der Stad
D’Police mellt ausserdeem een Trickdéifstall an der Avenue Monterey. Géint 17.30 Auer hunn zwee Männer eng Persoun ugeschwat ofgelenkt, wéi si op enger Bänk um Laptop geschafft huet. Nodeems béid Männer fort waren, ass dem Affer opgefall, dass den Handy geklaut gouf.
Beschreiwung vun engem vun den Täter:
Nordafrikanesch Hierkonft a Franséisch geschwat. Hie war 25-30 Joer al, ongeféier 1,75 Meter grouss an hat kuerz schwaarz Hoer. Donieft hat hie Sportskleedung an eng rout-wäiss Jackett un.