
Am Zentrum vu Diddeleng koum et zu enger gréisser Waasserfuite. D'Gemengeservicer ginn dovun aus, datt bis 20 Auer alles ofgeschloss misst sinn.
Betraff si follgend Stroossen:
An der Rue de la Libération tëscht den Hausnummere 15 a 17 steet ee Waassertank fir déi betraffen Awunner, wou si Waasser kënnen zapen.
Kuerz drop gouf nach eng Waasserpann zu Dondel an um Katrewang gemellt.
Bei Terrassementsaarbechte gouf eng Waasserleitung zu Meespelt beschiedegt, déi zu de Problemer an den 2 Uertschafte gefouert huet. Wéi et heescht, wier een am Gaang drun ze schaffen, fir d'Pann ze behiewen.