Bei Autoskontroll opgeflunnGréisser Quantitéit Drogen a Boergeld séchergestallt

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Routine-Kontroll vun der Police zu Rodange goufen an der Nuecht op e Freideg zwou Persoune mat Drogen erwëscht.
© Police

D'Beamten hu wärend der Kontroll e staarke Marihuana-Geroch an Uecht geholl an den Auto duerchsicht. 100 Gramm Haschisch, iwwer 2.000 Euro, eng Wo an 2 Handye goufe séchergestallt.

Eng Perquisitioun op Uerder vum Parquet bei de Männer doheem war ouni Resultat. Géint si gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO