
Well net ausgeschloss konnt ginn, dass effektiv Leit dobannen an Nout wieren, gouf no Récksprooch mat der Police eng gréisser Sichaktioun lancéiert, ënnert anerem och mat der Hondsstaffel an der Héichterettung.
Wärend enger Stonn hunn 3 Ekippen d’Minn ofgesicht, ouni dass awer eng Persoun ugetraff gouf. Och de Schëfflenger Buergermeeschter an de Fierschter waren op der Plaz.
Den Asaz ass deemno ouni Persouneschued op en Enn gaangen, mä de CGDIS erënnert op de soziale Medien awer generell drun, dass een ouni Autorisatioun an dem néidege Fachwëssen op kee Fall eng al Minière, Kasematt oder Hiel soll betrieden a sech domadder onnéideg a Gefor bréngen.