
Géint 20 Auer krut d'Police e Freideg den Owend gemellt, datt sech op der Kinnekswiss an der Stad eng gréisser Unzuel u Leit versammelt hätt. Wéi d'Police op d'Plaz komm ass, sinn d'Leit fortgelaf.
Enger éischter Aschätzung no geet d'Police dovunner aus, datt eng 150 Leit sech versammelt haten.
Den Helikopter war och an den Asaz komm, fir sech vun uewen e Bild vun der Situatioun ze maachen.
D'Police huet op der Plaz eng staark alkoholiséiert Persoun ugetraff. Si gouf mat enger Ambulanz an d'Klinick transportéiert.