FOTOEN - Police sicht no bestëmmten ZeienGréissere Brand um Houwald, Awunner musse relogéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Op d'mannst fir den Ament kënnen d'Leit net an hire Wunnenge liewen.
© CIS Hesper

An enger Residenz um Houwald an der Diddenuewener Strooss hat et an der Nuecht op e Freideg kuerz no 3.30 Auer an enger Garage gebrannt. Wéi d'Pompjeeë vun Hesper an aus der Stad Lëtzebuerg op der Plaz ukoumen, huet d'Feier scho riskéiert, op een Appartement iwwerzegräifen, dat direkt iwwert där betraffener Garage war. Si hunn eng Persoun evakuéiert, déi sech zum Zäitpunkt vum Feier, nach um Ieweschte Stack vun der Residenz opgehalen hat.

Wéi et vun den Hesper Pompjeeën heescht, hunn eng ganz Partei Leit, déi am Gebai wunnen, musse relogéiert ginn. Den Ament sinn déi betraffen Appartementer net bewunnbar. 24 Pompjeeë vun Hesper waren am Asaz. Ënnerstëtzung kruten si vun 11 Pompjeeën aus der Stad. Si haten d'Feier séier ënner Kontroll. Op Fotoen ass allerdéngs ze gesinn, dass de Schued um Gebai grouss ass. Déi genee Brandursaach muss nach gekläert ginn.

D'Police sicht elo no engem spezifeschen Zeien. De Mann, ëm déi Mëtt 40 an 1,90 Meter grouss, mat engem schwaarzen Auto, kéint hei eppes gesinn hunn. Hie soll sech bei der Stater Police mellen.

Géint 1 Auer war zu Käl an der Escher Strooss en Automobilist mat sengem Gefier an de Rampli gerannt. Et ass kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO