Och den Daach vum Gebai an der Rue JF Kennedy hat Feier gefaangen. Wéi am Bulletin vum CGDIS ze liesen ass, gouf kee beim Feier blesséiert.
Fir ze läsche goufen d'Pompjeeë vun Esch, Monnerech, Schëffleng, Suessem-Déifferdeng, Diddeleng a souguer aus der Stad op d'Plaz geruff. Donieft war och nach eng Ambulanz vun Esch am Asaz.
Weider ass am Bulletin ze liesen, dass et ëm 17.45 Auer e Samschdeg den Owend en Accident tëscht Obeler a Leideleng gouf. E Motocyclist ass gefall a gouf schwéier blesséiert.
E Sonndeg de géint 5 Auer ass tëscht Éilereng a Monnerech en Auto accidentéiert. 2 Persoune goufen heibäi verwonnt. D'Pompjeeë vu Monnerech a Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz, grad ewéi de Stater Samu an d'Ambulanze vun Diddeleng an Esch.