GréiwemaacherGréissert Feier ausgebrach, 60 Pompjeeën aus 6 CISen am Asaz

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend koum et zu Gréiwemaacher zu engem gréissere Brand an engem Appartementshaus. Kuerz no 20 Auer ass dat Ganzt um Daach ausgebrach.
© Domingos Oliveira

Eng 30 Leit hu missen evakuéiert a relogéiert ginn. Zwou Persoune koumen an d’Spidol. Weider Detailer feelen den Ament nach.

D’Pompjeeë vu Mäertert-Maacher, goufe vun hire Kolleegen aus der Stad, Manternach, Konsdref, Fluessweiler, Wuermer an Kanech ënnerstëtzt. Och de Samus-Noutdokter war op der Plaz.

Géint 21 Auer gouf et nach e Brand an der Stad an der rue de Merl. Hei blouf et beim Materialschued. D’Pompjeeë vun Hesper an aus der Stad waren am Asaz, grad ewéi d’Stater Ambulanz an den Escher Samu.

Back to Top
CIM LOGO